Invité vun der Redaktioun - Jean-Jacques Rommes (30. November)Hausse Mindestloun? Kontraproduktiv a wahltaktesche Manöver

RTL Lëtzebuerg
Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Jean-Jacques Rommes, Administrateur délégué vun der UEL.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Jean-Jacques Rommes
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Eng Hausse vum Mindestloun, wéi se den Aarbechtsminister Nicolas Schmit e Mëttwoch am RTL-Interview an d'Gespréich bruecht huet, ass en absoluten Tabu-Thema, fir de Jean-Jacques Rommes, Administrateur délégué vun der UEL. Verschidde Betriber, déi am Niddreglounsecteur schaffen, wéi zum Beispill den Horesca-Beräich, kéinten dann net méi mat der auslännescher Konkurrenz mathalen a weider Aarbechtsplaze géifen u Frontaliere verluer goen, well bei hinnen am Land de Mindestloun méi niddreg ass.

Datt et schwéier ass, finanziell mam Mindestloun eens ze ginn, weess de Jean Jacques Rommes, ma fir de concernéierte Leit ze hëllefen, misst net de Mindestloun gehéicht, mä de Logementsproblem geléist ginn. Dee wier Schold un de finanzielle Schwieregkeete vu ville Stéit.

D'Aussoe vum Nicolas Schmit, gesäit de Patronatsvertrieder als wahltaktescht Manöver fir aner Parteien ënner Drock ze setzen an et géif engem sozialistesch Politiker och gutt stoen, wann hie sech mam Patronat uleet, fir esou vläicht méi Zousproch vum OGBL ze kréien, sou nach de Jean-Jacques Rommes vun der UEL.

Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Jean-Jacques Rommes, Administrateur délégué vun der UEL.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO