"D’Hausse vum Mindestloun ëm 100€ netto ass en organisationellen Debakel!" Dat sot de Michel Reckinger e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
De President vun der Fédération des artisans, deen nees fir 4 weider Joer op dem Posten erëmgewielt gouf, sot, dass een un där Mesure gutt géif mierken, dass an der Regierung Leit séizen, déi nach ni virdrun an engem Betrib geschafft hätten.
Och d’Aféiere vun engem weidere Congésdag um 9. Mee wier alles wéi net ideal fir den Handwierkssecteur.
An enger Zäit, wou souwisou scho vill Feierdeeg géifen erfalen, kéim elo nach een zousätzlechen derbäi. Also nees en Dag, wou net geschafft kéint ginn.
Doduercher géifen d’Käschte fir de Patron an d’Luucht goen, an an deem Sënn wier et och kloer, dass d’Präisser da wäerte klammen.
De Michel Reckinger stéiert sech och un der Aart a Weis, wéi aner sozial Mesuren, wéi d’Zäitspuerkonten oder de Congé parental ëmgesat ginn. Er hätt een d’Familljeministesch dacks driwwer informéiert, dass dëst de Secteur virun grouss Defien géif stellen.
Fir d’Fédération des artisans wier beim Congé parental beispillsweis eng Propositioun, dass dësen op 10% vun de Mataarbechter soll begrenzt ginn, déi dëse matenee kéinten huelen. Als Beispill, wann 20 Leit am Betrib schaffen, dierften just 2 Salariéeë mateneen de Congé parentale huelen. Anescht kéinten mi kleng Betriber ferme an d’Laberente kommen, seet de Michel Reckinger.
An enger éischter Reaktioun huet den Aarbechtsminister d'Aussoe vum Michel Reckinger bedauert.
„Ech bedaueren déi Kritiken“, esou reagéiert den Aarbechtsminister Dan Kersch op d'Aussoen, déi de President vun der Fédération des Artisans e Méindeg bei eis op der Antenne gemaach huet. De Michel Reckinger hat do ënner anerem vun enger Mindestlounhausse vun 100 Euro Netto geschwat, déi en organisatoreschen Debakel wier.
Den Aarbechtsminister Dan Kersch weist wéineg Versteesdemech. Et hätt een no engem Wee gesicht, bei deem d'Betriber net ze vill belaascht ginn. Et ass an den Ae vun der Regierung eng ausgewogen Léisung an dofir bedauert de Minister d'Kritik, déi elo kënnt.
Den Dan Kersch präziséiert dann och, datt hien den Interview ganz gelauschtert huet. "Et kann een net op der enger Säit sech ëmmer driwwer bekloen, datt d'Handwierk net attraktiv wier, datt net genuch qualifizéiert Leit do wären. A wa mer dann eppes maachen, fir d'Aarbechtsbedingunge vun deene Leit ze verbesseren, da gi mer vun de selwechte Leit attackéiert. Ech fannen dat e bëssen inkoherent an dofir bedaueren ech déi Aussoen."
Den Defi wier jo deen, fir d'Handwierk als Beruff méi attraktiv ze maachen, mat engem Congésdeeg méi an engem neie Feierdag géing een dozou bäidroen, esou nach den Dan Kersch.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.