Parlamentaresch FroHausse vun Aggressiounen an den Urgencen

RTL Lëtzebuerg
Dat confirméiert d'Santésministesch Martine Deprez dem François Bausch.

Traurege Phenomen an de 4 grousse Spideeler am Land, wou d’Fäll vu kierperlechen Aggressiounen, Frechheeten an Iwwergrëff op Infirmieren an Dokteren an den Urgencen zouhuelen.

De gréngen Deputéierten hat an enger parlamentarescher Fro no schwaarze Lëschte gefrot, déi et an de Spideeler géife ginn a wou Persounen drop stinn, déi wéinst hirem aggressive Behuelen als “persona non grata” gëllen an net behandelt ginn.

D’Ministesch confirméiert, datt eenzeg an eleng am CHL esou eng Lëscht existéiert, wou awer nëmmen eng Persoun drop figuréiert, déi an der Urgence net medezinesch en charge geholl gëtt, et sief, et géif Liewensgefor bestoen. An den aneren 3 Spideeler ginn et keng sou Lëschten.

Wann d’Personal an de Spideeler agresséiert gëtt, besteet d’Méiglechkeet, fir iwwer en Urgencen-Appel d’Security-Personal ze ruffen, well all Spidolsdirektioun d’legal Obligatioun huet, säi Personal ze protegéieren, sou nach d’Martine Deprez.

Back to Top
CIM LOGO