City Breakfast vun der HaaptstadHeescheverbuet, Baugeneemegungen a Plaz ronderëm d’Gëlle Fra

RTL Lëtzebuerg
Um éischte City Breakfast vum Joer 2024 hunn d’Buergermeeschtesch an den éischte Schäffen de Point gemaach.
© Diana Hoffmann / RTL

Et wier näischt Neies fir si vum Procureur ze héiere gewiescht, huet d’Haaptstad-Buergermeeschtesch Lydie Polfer d’Aussoe vum Georges Oswald iwwert d’Heescheverbuet e Mëttwoch op der RTL-Antenn kommentéiert. All dat géing hie schonn zanter elo bal 10 Joer behaapten. De Procureur hat am Interview betount, dass einfacht Heesche laut dem Code pénal net verbuede wier, well et net drasteet. Deemno net vum Parquet kéint poursuivéiert ginn. Um City Breakfast en Donneschdeg de Moie bleift d’Buergermeeschtesch trotzdeem bei hirer Interpretatioun. Nämlech, dass d’Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg rechtméisseg wier.

Si ass dann och nach drop agaangen, dass d’Gesetz och géing, anescht wéi de Procureur dat duergestallt hätt, reegelen, wat aggressiivt Heesche wier. D’Argument, dass een deen näischt huet, net kéint sanktionéiert ginn, kéint och net gëllen. D’Stad Lëtzebuerg wéilt bei deem Dossier op alle Fall net d’Bengele bei d’Tromm geheien.

Op d’Fro, wisou dann ugangs der Woch Heescherte vun der Police kontrolléiert goufen, déi offensichtlech net zu enger organiséierter Band gehéiert hunn, nach aggressiv waren, sot den éischte Schäffe Maurice Bauer, et hätt een ni gewollt, dass Leit, déi einfach do sëtzen, kontrolléiert géinge ginn.

Neien Amenagement op der Theaterplaz

Rezent goufen dann op der Theaterplaz, do wou dacks e gréissere Grupp vu Sans-abrie sech opgehalen huet, eng schwaarz Clôture opgeriicht. “Et kann een den ëffentleche Raum net privatiséieren”, huet d’Lydie Polfer gesot, an erkläert, dass d’Stad Lëtzebuerg dës opgestallt hätt. Et géing een déi Plaz scho ganz geschwënn nei amenagéiere wëllen. D’Awunner wieren, och duerch Kaméidi, gestéiert gewiescht.

Mat de Leit, déi sech ëmmer do opgehalen hunn, hätt een am Accord eng Alternativ fonnt. Wou déi wier an op dës weiderhin ënner fräiem Himmel wier, dorop gouf et awer keng Äntwert.

Logementer an der Stad Lëtzebuerg a VEFAen

Um éischte City Breakfast vum Joer goung et awer och nach drëm, wéi sech d’Stad Lëtzebuerg entwéckelt huet a sech weider entwéckele wäert. Nodeems 2022 d’Zuel vun de Baugeneemegunge fir nei Logementer, déi d’Stad Lëtzebuerg autoriséiert huet, staark erofgaangen ass, wieren zejoert mat 1.087 nees vill Autorisatiounen erausgaangen. “Et ass ze hoffen, dass se och gebaut ginn”, huet d’Lydie Polfer ugemierkt. Dat eent wier d’Autorisatioun, dat anert wier natierlech d’Ëmsetzung. 2021 hat een 1.950 Autorisatiounen an deem Kader erausginn.

Den éischte Schäffe Maurice Bauer ass dann drop agaangen, dass d’Stad Lëtzebuerg e Parc locatif vun 887 Wunnengen hätt. An et wier een dobäi 269 weider Logementer ze bauen. Bis 2026 wéilt een also eng Ronn 270 Wunnenge méi kënnen zur Verfügung stellen.

Net frou ass een dann doriwwer, dass déi sougenannte VEFA-Projeten (Vente en l’état futur d’achèvement) net kënnen esou ëmgesat ginn, wéi gewënscht. 5 Projeten hat een zréckbehale fir iwwer 200 Wunnengen. Zwee dovunner zu Bouneweg sinn awer geplatzt. “Well do war de Prêt beemol net méi héich genuch”, erkläert d’Lydie Polfer. Virun engem Mount hätten d’Präisser hei nach de Krittären, déi d’Stad Lëtzebuerg sech ginn hat, entsprach. Wou et elo sollt seriö ginn, awer net méi. D’Buergermeeschtesch huet wëlles public ze maachen, wat hei genee geschitt ass.

Iwwerschwemmungsschutz, Plaz bei der gëlle Fra a Pop up

Weider Sujete waren nach den Iwwerschwemmungsschutz, wou d’Stad Lëtzebuerg wëll concernéierte Leit mat engem Subside hëllefen. Dat wa si am Risk sinn, vun Héichwaasser betraff ze sinn. De Staat géing schonn eng Rei Subsiden ausbezuelen. Wien eligibel fir dës wier, kéint och vun der Stad Lëtzebuerg nach eng Kéier bis zu engem Drëttel vun deem Montant kréien.

D’Plaz bei der Gëlle Fra soll vun elo un autofräi bleiwen. Bei der Entrée vun de Kasematte gi Keese fir d’Attraktioun amenagéiert. Zil ass et, d’Plaz ze beliewen. Nodeems den Octave-Mäertche vum 13. Abrëll bis Ufank Mee do war, solle Foodtrucks mat Terrassen dohinner kommen. Fir d’Olympesch Spiller dann e Public Viewing.

Donieft sicht d’Stad Lëtzebuerg e Commerçant fir e Pop-Up Geschäft an der Rue du Fort Neiperg am Parking. D’Lokal wier mat enger professioneller Kichen equipéiert, bis zu 50 Plaze wieren disponibel. 11 Méint laang krit de Commerçant da méi gënschteg Konditiounen.

Back to Top
CIM LOGO