E Mëttwoch de Moie war d'Heescheverbuet Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Ass déi einfach Heescherei am Code pénal verbueden, jo oder nee? Dat wier net an engem Saz ze beäntweren, mee de Parquet géing consideréieren, dass d'Mendicité simple am Code pénal net méi besteet. Dat sot de Procureur vum Bezierk Lëtzebuerg. De Georges Oswald war e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. 2008 wier d'Immigratiounsgesetz op verschiddene Punkten geännert ginn (notamment den Artikel 563 vum Code pénal) an do hätt de Legislateur wuel "par inadvertance" een Artikel gestrach, an dem et och ëm d'Mendicité simple goung. Et géingen awer Leit ginn, déi géinge soen, dass déi einfach Heescherei de facto net ofgeschaaft gi wier. Allerdéngs wieren am Laf vun de Jore vill parlamentaresch Froen dozou gestallt ginn an et hätt vill ëffentlech Debate ginn, wou verschidde Ministeren am Laf vun de Joren ëmmer nees geäntwert hunn, dass déi einfach Heescherei ofgeschaaft gouf. De Georges Oswald géing bedaueren, dass doduerch eng Rechtsonsécherheet geschaaft gouf. De Legislateur hätt zanter 2008 schonn e puer mol d'Geleeënheet gehat, dat ze redresséieren. Dat wier awer net geschitt.

D'Police-Reglement vun der Stad Lëtzebuerg huet keng Base juridique

Och doriwwer géing gestridde ginn, erkläert de Procureur vum Bezierk Lëtzebuerg. Am Artikel 19 vun eiser Verfassung steet, dass et keng Strof dierf ginn ouni Gesetz. D'Gesetz (eng Loi en sens formel du terme) steet an der Hierarchie iwwer engem Police-Reglement vun enger Gemeng. Donieft wier am Artikel 37 vun der neier Verfassung eng Dispositioun, déi seet, dass eng Liberté publique just dierf ageschränkt ginn duerch e Gesetz. Well een also elo dovunner ausgeet, dass déi einfach Heescherei net méi am Code pénal bestrooft gëtt, kéint een och net duerch e Police-Reglement higoen an iwwert dee Wee erëm déi Strof aféieren, erkläert den Invité. Den Inneminister Léon Gloden baséiert sech dofir op een Dekreet vun 1789. De Procureur fënnt et speziell, dass ee sech muss beméien, fir op engem Dekreet vun 1789 eng Assise legale als Gesetz sichen ze goen. An dësen Dekreet wier och esou vag formuléiert, dass en dëst guer net géing hierginn. Et wier dofir ganz fraglech, dass dëst Police-Reglement kéint als Argument benotzt ginn, wann et jee zu engem Prozess soll kommen.

Wat heescht dat fir den einfach Heeschert op der Strooss?

Den Inneminister hätt zwar d'Instruktioun un d'Policebeamte ginn, fir géint all déi einfach Heescherte virzegoen an d'Stad Lëtzebuerg hätt och e Flyer verdeelt, wou se sech op den Artikel 563 beruffen (dee jo geännert gouf), mee déi einfach Heescherten, déi do sëtzen a Sue froen, wieren net dovunner betraff. Dat heescht d'Police hätt keen Ermiessungsspillraum fir ze soen, "mir belaangen deen do oder mir belaangen en net". Theoretesch misst d'Police deemno an ALL FALL e Protokoll schreiwen. An et wier och net un engem Politiker, fir ze soen, deen do braucht der net ze belaangen, erkläert de Procureur Oswald. Hie géing et onglécklech fannen, dass ee mat dëser Aktioun elo d'Police géing domadder chargéieren, een Ënnerscheed ze maachen tëscht engem "einfachen" Heeschert an engem Aneren, besonnesch well den Text dat net géing hierginn. Et wéilt ee géint eng "Mendicité aggressive" virgoen, déi allerdéngs a kengem Text definéiert wier.

De Parquet huet elo schonn e puer Méint Delai

Affäre ronderëm d'Heescherei, sougenannt Kontraventiounen, géinge bei de Police-Riichter kommen. Um Parquet wieren elo schonn e puer Méint Delai fir déi Affären, déi vum Policegeriicht traitéiert ginn, wéi kleng Kläppereien, Autosaccidenter mat liichte Blessuren, Fueren ënner Influenz vun Alkohol asw. "An ech muss Iech soen, wann ech eng Kéier de Luxus hätt, kënnen ze soen, dass mer all Zort vu Kriminalitéit am Grëff hunn, dann ass dat do meng lescht Prioritéit, fir esou Affären ze poursuivéieren", sou de Georges Oswald. Déi kriminell Energie hannert der Heescherei wier schliisslech och relativ limitéiert.

Wann et sollt eng Kéier dozou kommen, dass e Fall awer géing bis an eng Sëtzung kommen, géinge sech souwisou vill praktesch Froe stellen. Et misst een d'Persoun mol iergendwéi op d'Geriicht zitéiert kréien, well se huet jo kee feste Wunnsëtz. Eventuell bräicht een dann en Interpret vun der Police. D'Akte missten all iwwersat ginn an déi Sprooch, déi d'Persoun versteet an donieft hunn déi concernéiert Persoune jo meeschtens keng Suen.

E falscht Instrument, fir eppes Richteges z'erreechen

Um Ursprong vum Heescheverbuet steet eigentlech de Kampf géint déi organiséiert Heescherei. All Mënsch hätt do déi nämmlecht Intentioun, mee d'Ännere vum Police-Reglement wier dat falscht Instrument, fir eppes Richteges z'erreechen. "Dat ass, wéi wann Dir mir géift e Greef an de Grapp ginn, fir Schnéi ze schëppen", sou den Invité.

De Code pénal gëtt ouni Zweiwel hier, dass de Parquet kéint géint déi organiséiert Heescherei virgoen. Firwat ass dann nach näischt geschitt? Et hätt ee schonn eng Rei Enquêten an deem Sënn gestart, mee dës wieren extrem schwiereg, well ee se net bannent e puer Wochen oder Méint kéint fäerdeg maachen, erkläert de Georges Oswald. D'Hannerleit géinge jo ëmmer am Ausland sëtzen. Et misst een Observatioune maachen iwwer Méint an et géing net duergoen ze soen, dass ee Preuven hätt, dass dës Leit mat engem Auto heihi kommen. Dat wier just een Deel vum Puzzle. Et ginn also eng Rei Enquêten, notamment och eng vun 2021, wou Mineure betraff waren, mee aus verschiddene Ursaachen ass d'Enquête näischt ginn, sou de Georges Oswald.

Invité vun der Redaktioun: Georges Oswald

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.