No Bail à Loyer-GesetzHéich Zënse mat wéineg rosege Suitte fir de Wunnengsmaart

Marc Hoscheid
Datt déi héich Präisser um Lëtzebuerger Wunnengsmaart et ville Leit schwéier maachen, am Grand-Duché ze liewen, ass net nei.
Héich Zënse mat wéineg rosege Suitte fir de Wunnengsmaart
Datt déi héich Präisser um Lëtzebuerger Wunnengsmaart et ville Leit schwéier maachen, am Grand-Duché ze liewen, ass net nei.

Fir op d’mannst d’Locatairen an Zäite vun héijer Inflatioun ze entlaaschten, huet d’Regierung decidéiert, de Bail à usage d’habitation ze reforméieren. Ma aus dem Bausecteur ass et d’Kritik, datt eng Reduzéierung vum Taux du capital investi am Zesummespill mat héijen Zënsen, d’Präisser an d’Luucht dreiwe kéint. An och beim Marché vun der Vente gesäit et aktuell net roseg aus.

Um Kuelebierg zu Zéisseng entsteet am Moment neie Wunnraum. Dëse Projet soll komplett der Locatioun virbehal bleiwen. Ma well den Taux du capital investi bei 3,5 Prozent gedeckelt soll ginn, kéint et dem Gerant vun enger grousser Bauentreprise no geschwë méi attraktiv sinn, seng Suen op der Bank ze placéieren. Sollt eng eeler Locatiounswunneng verkaaft ginn a rëm op de Marché kommen, wier de Loyer dono dem aktuelle vill méi héije Marchéspräis ugepasst. Fir dat ze erreechen, kéint et och zu méi speziellen Transaktioune kommen.

Joël Schons (Gerant Stugalux): “Am selwechte Gebai echangéieren ech een Appartement mat engem Kolleeg, dat selwecht Appartement huet hien eng Etage driwwer. Deen Eenzegen, dee bei där doten Transaktioun kasséiert, ass de Staat, well hien zitt d’Droits d’enregistrement. Duerno sinn déi zwee Appartementer rëm op engem aktuelle Maartpräis an domat kritt ee rëm vill méi Loyer wéi et bis haut war.”

Mat Bléck op de Marché vun der Vente géingen déi héich Zënsen derzou féieren, datt Leit, déi lounen, dat weider maachen, respektiv jonk Leit länger doheem wunne bleiwen. Generell géif einfach ze mann gebaut.

“An deene leschten aacht bis néng Joer sinn nach ni sou mann Baugeneemegungen ausgestallt gi wéi am leschte Joer. Firwat? Schonn an deene Méint virdrun huet d’Hausse vun den Zënsen d’Leit dozou beweegt net ze bauen, net onbedéngt de Schrëtt ze maachen, ech verschëlle mech zwanzeg Joer.”

Ma net nëmmen d’Zënse wieren ee Problem. D’Geneemegungsprozedure géingen ze laang daueren an op Gemengenniveau dacks déi néideg Infrastrukture feelen. Doriwwer eraus misst och de Staat seng Responsabilitéit iwwerhuelen an déi iwwer zwou Millioune Quadratmeter Baufläch bebaue loossen.

Back to Top
CIM LOGO