
1.455 Reklamatioune goufen zejoert beim Ombudsman gemaach, 1.003 Fäll goufen ofgeschloss an et gouf e Korrektiounstaux vun 89,3 Prozent. Et dierft een dem Meris Sehovic no awer net mam Fanger op déi eng oder aner Administratioun weisen. Dëst wieren Indicateuren, déi dem Legislateur weisen, wou een nobessere muss. Eng Quell vu ville Konflikter wier d’Kommunikatioun:
D’Biergerinnen a Bierger kréien ze spéit, ze onkloer oder guer keng Äntwert. Entscheedunge sinn heiansdo juristesch korrekt, mee fir d’Biergerinnen an d’Bierger net verständlech. An d’Telefonszäite sinn heiansdo ze restriktiv. E -Maile ginn net séier genuch beäntwert. An digital Formulaire ginn net ëmmer an engem raisonnabelen Delai traitéiert.
Vill Efforte wiere bei der Verwaltung op d’Digitalisatioun geriicht, betount den David Wagner vun déi Lénk:
Jo, Digitaliséierung ass wichteg a kann eng wichteg Ënnerstëtzung sinn. Mee si eleng ass keng Léisung. D’Relatioun tëscht Biergerverwaltung muss hybrid bleiwen. Digital Servicer kënnen d’Prozedure vereinfachen, mee si kënne kee mënschlechen Austausch ersetzen, kee Gespréich, keng Erklärung, keng Aleedung am direkte Kontakt.
Méi Mënschlechkeet wier néideg war den allgemengen Constat. D’Nathalie Morgenthaler vun der CSV huet an deem Kader ervirgestrach, datt déi nei Ombudsman Claudine Konsbruck eng Partie Changementer annoncéiert huet:
All Biergerinnen a Bierger soll wëssen, wie säin Dossier behandelt, eng identifizéiert Persoun telefonesch erreeche kënnen an an enger verstänneger Frist eng motivéiert Äntwert kréien.
D’Deputéiert hunn iwwerdeems eng Resolutioun ugeholl, déi virgesäit, datt den Ombudsman an Zukunft net just fir d’Presentatioun vum Rapport an d’Chamber invitéiert gëtt, mee och fir Diskussioune mat den Deputéierten iwwert hir Observatiounen a Conclusiounen.