Veterinären am AsazHëllef fir Déieren och a Corona-Zäiten

RTL Lëtzebuerg
Fir Urgence kann een aktuell nach ëmmer bei den Déierendokter goen.
Coronavirus beim Veterinär
An der Déiereklinik ginn nach just Urgence traitéiert, ma Aarbecht gëtt et genuch.

De Confinement ass doudsécher méi liicht z'erdroen, wann een en Hausdéier huet, wat engem Gesellschaft leescht oder mat deem ee ka spadséiere goen. Mä wat maachen, wann d'Déier krank gëtt?

D'Veterinäre schaffen och weider an der Kris, op Rendezvous an nëmme fir Urgencen. Dat heescht, Kastratioune oder d'Rappe vun den Zänn musse waarden. Mä och esou gëtt et méi wéi genuch ze dinn. Mir waren an enger Déiereklinik zu Beetebuerg, fir ze kucken, wéi an der Kris geschafft gëtt.

Back to Top
CIM LOGO