Lëtzebuerg huet scho vill Efforte gemaach, fir seng ambitiéis Ziler bei den erneierbaren Energien an dem CO2-Ausstouss ze realiséieren, muss sech awer nach weider dru ginn, wéi de gréngen Deputéierten Henri Kox um Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview erkläert huet.
Rezent gouf jo en Accord ënnerschriwwen, mat deem Lëtzebuerg souzesoen iwwerschësseg erneierbar Energie aus Litauen keeft, fir datt de Grand-Duché seng Ziler an deem Beräich kann erreechen. Esou Accorden, déi di Gréng ëmmer kritiséiert hunn, sollen iwwerflësseg ginn, sou den Henri Kox, andeems nach méi heiheem gemaach gëtt: Sou muss d'Fotovoltaik méi breet opgestallt ginn, via Subventioune a Cooperativen zum Beispill.
D'Fotovoltaik wier mëttlerweil méi kompetitiv wéi aner Energieformen.
Och den Tanktourismus muss viséiert ginn. Finanz- an Ëmweltministère hunn an deem Kontext en Aarbechtsgrupp op d'Bee gestallt, deen am Fréijoer eng Partie Mesurë wëll presentéieren.
Wat seng politesch Carrière ugeet, do sot den Henri Kox, datt hie säi politescht Mandat an der Réimecher Gemenge zwar net ugeholl huet, sech awer weider fir dës wäert asetzen, an datt hie mat an d'Parlamentswahlen geet.
Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war de gréngen Deputéierten Henri Kox.