ArcelorMittalHenri Reding neie "Country Head Luxembourg"
Wéi ArcelorMittal um Donneschdeg matdeelt, huet de Henri Reding schonn op den 1. Abrëll de Poste vum "Country Head Luxembourg" iwwerholl.
Hien ersetzt domat de Roland Bastian, deen an d’Pensioun gaangen ass.
Den Henri Reding war bis dohin Directeur Santé-Sécurité vun ArcelorMittal Europe Produits Longs. En huet iwwer 30 Joer Erfarung an der Siderurgie.
PDF: Schreiwes vun ArcelorMittal