
Dës Woch war eng éischt Reunioun tëschent alle concernéierten Acteuren. Dat huet de Ministère eis confirméiert, dee vu konstruktive Gespréicher schwätzt, ouni sech weider wëllen z’äusseren.
Vun den Hiewanne vum Bartrenger Gebuertshaus heescht et, et hätt een dës Entrevue positiv erlieft.
Vue datt dat awer nach eng Zäitchen daueren dierft, bis eventuell e Gesetz do wier, hätt een d’Gebuerten, déi zu Bartreng geplangt waren, elo bei si heem verluecht, sou d’Danièlle Haag. Doriwwer hätt een de Ministère informéiert an domat wier de Problem fir si an d’Mamme virleefeg geléist.
De Ministère präziséiert op eis Nofro allerdéngs, dass Hausgebuerten aktuell net reglementéiert wieren. Gebuerte kéinten an dierften iwwerall geschéien, ma Hiewanen dierften hire Service net am privaten Doheem ubidden.