Vun en nächste Freideg u ginn Gesetzestexter, déi d'Regierung an der Urgence vun der aktueller Pandemie ausgeschafft huet am Cercle gestëmmt.
Et war ee Festsall, dann nees eng Plaz fir Commemoratiounen, Aarbechts- respektiv Reflexiounsraum, Concertssall: Bannent de leschten 110 Joer goufe scho munch grouss Fester, markant Rieden am Cercle op der Plëss geschmass. Wéi 1992, am Kader vun der Visitt vum franséische President François Mitterrand.
An e puer Deeg gëtt am grousse Sall e weidert Kapitel vun der Lëtzebuerger Geschicht geschriwwen. Et wäert awer net fir d'éischt sinn, dat de Cercle zur Plenière gëtt.
De Luc Wagner vun der ALAC, der Agence luxembourgeoise d’action culturelle, erënnert drun, dat Enn der 50er Joren Plenièren vun der CECA am Cercle organiséiert goufen.
De President Fernand Etgen:
"Aussergewéinlech Momenter brauchen aussergewéinlech Solutiounen. Zanter 1860 ass et déi drëtte Kéier, datt d'Chamber hiert Gebai um Krautmaart verléisst. Dat war eng éischte Kéier wärend dem zweete Weltkrich wéi d'Gaupropaganda do installéiert war. An dann eng zweete Kéier tëschent 1997 an 1999, wéi d'Chamber renovéiert ginn ass "
Op der enger Säit muss déi legislativ Aarbecht an der Kris, déi séier Reaktioune verlangt, weidergoen. Op der anerer Säit mussen awer och déi sanitär Oplagen respektéiert ginn. Do bloufen net vill Choix am Land. D'Plënneren an de Konferenzzenter op de Kierchbierg, hätt zum Beispill Millioune kascht.
"Et ass zestane komm op Grond vun der Propositioun vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, déi der Chamber proposéiert hat, dëse Sall ze notzen, deen déi Dimensiounen huet, fir déi Demanden vun der Distanz kënnen z'erfëllen. Ongeféier 500 Méter Carré am grousse Sall", sou de Luc Wagner vun der Stad Lëtzebuerg.
Dat geet sou just duer, fir déi 60 Deputéiert a d'Regierungsmember sou z'installéieren, dat déi 2 Meter Sécherheetsofstand, op den Zentimeter respektéiert kënne ginn. Aarbechten déi den Ament, a wuel nach bis op de lëschte Stëppel, op Volltoure lafen.
"Dat ass enger Säit de Mobilier, mä virun allem och den technesche Volet, deen ganz voluminéis ass. Vun der IT iwwer Elektresch bis alles, wat d'Iwwerdroung ugeet. Dat si scho vill Equippen, déi hei um Site schaffen, fir prett ze sinn", sou d'Monique Faber vum Service Relations Publiques vun der Chamber.
Fir wéi laang d'Deputéiert sech am Cercle installéieren, kann duerch d'Kris bedéngt haut kee soen. D'Stad Lëtzebuerg stellt den Ament emol déi verschidde Säll bis Enn Juli zur Verfügung.
