
Eng hollännesch Motocyclistin, déi an engem Grupp ënnerwee war, ass accidentéiert. Fir déi 51 Joer al Fra koum all Hëllef ze spéit.
Fir ze klären, wat genee geschitt ass, koum de Miess- an Erkennungsdéngscht op d’Plaz an et gouf eng Autopsie ordonéiert.
D’N12 gouf fir den Trafic gespaart.
Weider Accidenter op eise Stroossen
Um 13.11 Auer sinn en Donneschden zwee Autoen op der N12 a Richtung Briddel aneneegerannt. 2 Persoune goufen heibäi blesséiert.
Da koum et um 16.11 Auer op der Route de Luxembourg bei der Kockelscheier zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen, woubäi eng Persoun verletzt ginn ass.
Op der N18 an Direktioun Lenzweiler hat e Motorrad um 16.32 Auer eng Chute. De Fuerer gouf blesséiert.