Am September ass et esou wäitHotel um Wämper Séi geet op

Marc Hoscheid
Nodeems laang kontrovers iwwert de Projet diskutéiert gi war, wäerten déi éischt Gäscht a ronn sechs Méint empfaange kënne ginn.
© RTL

Am Summer soll den Hotel tëscht deene zwee Séien zu Wäiswampech opgoen. Dat haten d’Kolleege vum “Lëtzebuerger Wort” d’lescht Woch gemellt. RTL krut dat op Nofro beim Bedreiwer “Groupe Lamy” confirméiert. Dem Conseiller Walter Borauke no soll den Hotel am September seng Dieren opmaachen. Da sollen och verschiddenen Aktivitéiten, wéi zum Beispill Waasserschi, am ënneschte Séi ugebuede ginn. Optimistesch weist ee sech iwwerdeems, wat déi nei Buvette ugeet. Nodeems déi al quasi komplett ofgerappt ass, dierft et net laang daueren, bis déi nei steet. Um fréiere Camping wäerten zudeem ronn 100 Vakanzechalete gebaut ginn. Dat dierft allerdéngs nach eng Zäitchen daueren. 60 Aarbechtsplaze sollen um Site entstoen.

Speziell um Projet ass, datt d’Hotelszëmmere u Privatpersoune verkaaft ginn an de Bedreiwer dono d’Gestioun iwwerhëlt. Nieft dem Fait, datt ee selwer keng Aarbecht mam Zëmmer hätt, wier eng Investitioun och interessant, well ee par Rapport zum Kaf vun engem Appartement steierlech Virdeeler hätt. Am Ganze sinn et 89 Zëmmeren, vun deenen der bis elo knapp 80 Prozent verkaaft sinn. Et kéint awer och sinn, datt de “Groupe Lamy” een Deel vun den Zëmmere fir sech behält.

De Buergermeeschter vu Wäiswampech Claude Daman fënnt et eng gutt Saach, kéinten zudeem vum Projet profitéieren. Wat d’Gemeng ugeet, esou soll d’Spillplaz beim Séi méi grouss gemaach ginn, et géing zum Beispill eng Schaukel fir méi kleng Kanner feelen. Geplangt sinn och ee Park fir Hënn a Sportinfrastrukturen. Mat Bléck op de Séi wier zudeem wichteg, datt dëse fir de Public accessibel bleiwe soll. An deem Punkt wieren d’Konventiounen tëscht der Gemeng an dem Bedreiwer vum Hotel kloer.

Biergerinitiativ a Referendum

Ënnert anerem déi Fro war an deene leschte Joren deels hefteg diskutéiert ginn. Kritiker waren der Meenung, datt den Zougank zum Séi duerch déi geplangte Waasseraktivitéite deels ageschränkt géif. Et gouf sech och dorunner gestouss, datt d’Gemeng den Terrain fir een ze niddrege Präis verpachte géing. De “Groupe Lamy” bezilt wärend 99 Joer 25.000 Euro d’Joer.

Esouwuel am Gemengerot wéi och an der Zivilpopulatioun hat sech am Laf vun der Zäit eng Oppositioun forméiert. Sou hat eng Biergerinitiativ, déi am Abrëll 2019 gegrënnt gouf, eng Ënnerschrëftenaktioun lancéiert, fir ee Referendum iwwert de Projet ofzehalen. Well de Quorum séier areecht war, konnten d’Bierger schonn de 25. August 2019 hir Stëmm ofginn. Ma obwuel 60,10 Prozent vun de Participante géint den Hotel gestëmmt hunn, hunn d’Aarbechten am November 2020 trotzdeem ugefaangen. De Referendum war fir d’Gemeng nämlech net verflichtend. Déi Responsabel ronderëm de laangjärege Buergermeeschter Henri Rinnen haten nom Referendum argumentéiert, de Projet wier schonn ze wäit an e wier vum Inneministère geneemegt.

Mëttlerweil ass mam Pol Holweck zwar de President vun der Biergerinitiativ Member am Gemengerot, dem Claude Daman no war den Hotelsprojet an deene leschte Sëtzungen awer keen Thema.

Back to Top
CIM LOGO