Mir maachen alles, fir datt d'Schwéngspescht net op Lëtzebuerg kënnt an huelen d'Gefor sécher net op déi liicht Schëller. Dat sot d’Carole Dieschbourg e Freideg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.
Si huet op d'Kritik vun de Jeeër reagéiert, déi méi Méiglechkeete fir ze joe froen.
RTL-Artikel: Schwéngspescht: D'Arméi ass am Gaang, 9 Kilometer Zonk tëscht Lénger a Grass opzeriichten Si wëll eng sachlech Diskussioun, et soll een an der Task Force zesummeschaffen. Et soll een net elo vun der Krise-Situatioun, vun der Urgence profitéieren, fir Juegdpraxissen an al Revendicatiounen unzegoen an opzemaachen. Si wär iwwerzeegt dovunner, datt d'Juegd net soll nuets opgemaach ginn an datt een och net soll hallefautomatesch Waffen erlaben, sou d'Carole Dieschbourg.
E Freideg gëtt am Regierungsrot iwwer e Reglement geschwat, wéi d'Juegd an der „Zone blanche“ soll ëmgesat ginn, dat ass d'Zone tëscht dem belschen Zonk an dem Lëtzebuerger, dee grad opgeriicht gëtt. Wéinst dem Zonk gouf et jo en Donneschdeg eng Polemik.
RTL-Artikel: Afrikanesch Schwéngspescht: Gemenge kritiséiere Manktem un Informatioun iwwer d'Opriichte vum Zonk D'CSV an de Käerjenger Buergermeeschter hu sech opgereegt. Si wären net richteg informéiert ginn. Déi néideg Autorisatioune wären all do, sot d'Carole Dieschbourg. Den Zonk gëtt just op ëffentlechem Territoire gebaut. Iwwer 20 Paarte si virgesinn, fir datt zum Beispill Baueren op hir Felder kommen. Et huet ee sech un der Belsch inspiréiert.
D'Jeeër fuerdere jo méi e laangen Zonk – 60 Kilometer. Et wär elo net de Moment esou eppes opzeriichten, seet d'Ëmweltministesch. Den Zonk gëtt mat ëffentleche Gelder finanzéiert, fir e Secteur ze schützen. Et misst een oppassen, wat ee fuerdert. Si wëll en Zesummeschaffen an eng sachlech Diskussioun. An hir Dier géif och fir d'Jeeër ëmmer opstoen.
D'Ëmweltministesch war e Freideg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
Mir bieden, de Mëssel z'entschëllegen.