
De Verdächtege kann dann e puer Woche bis zu e puer Méint an Untersuchungshaft bleiwen. Seng Rechnungen dobausse lafen awer weider. Do stellt sech dann d’Fro, wéi dës bezuelt ginn. Huet een an Untersuchungshaft weider e Recht op seng Pai, wann hie virdru geschafft huet an en Aarbechtskontrakt leeft?
Dem Gesetz no ass eng Persoun, déi an Untersuchungshaft sëtzt, net capabel, hirer Aarbecht nozegoen. Vue dass d’Persoun zu deem Moment nach net schëlleg gesprach gouf an all Ugeklote bis zum Urteel als onschëlleg gëllt, ass d’Untersuchungshaft awer kee valabele Grond, fir eng Kënnegung vum Salarié.
D’Persoun an Untersuchungshaft sollt awer net ze vill op hir Pai hoffen. Den Employeur huet nämlech d’Recht, den Aarbechtskontrakt ze ënnerbrieche fir déi Zäit, wou de Salarié senger Aarbecht net nogoe kann. Ass de Kontrakt ënnerbrach, gëtt et och keng Pai méi.
Wann eng Persoun verurteelt gëtt an an de Prisong kënnt, dann huet den Employeur d’Recht, de Kontrakt ze kënnegen. Dat mat der Begrënnung, dass déi berufflech Flichten iwwert e méi laangen Zäitraum net kënnen erfëllt ginn.