Etüd iwwer Elektromobilitéitidea.lu: Elektro lount sech, mee nëmme mat Primm

Chris Meisch
Ween zu Lëtzebuerg hautzedaags en elektreschen Auto keeft, kritt jee no Modell a Verbrauch vum Auto eng staatlech Ënnerstëtzung vu ronn 3.000-6.000 Euro
© RTL

Etüd iwwer Elektromobilitéit / Reportage Chris Meisch

Déi aktuell Primme fir Elektrogefierer funktionéieren, ginn awer net duer, fir d‘Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg séier genuch virunzedreiwen. Dat weist eng Etude vun IDEA, der lëtzebuergescher Denkfabrick vun der Chambre de commerce. Esou géing een d’Zil vum Nationalen Energie- a Klimaplang - de virgesäit, dass bis 2030 bal d’Hallschent vun all den Auto‘en zu Lëtzebuerg aus elektreschen oder opluedbaren Hybridgefierer bestoe soll - net erreechen.

Trotz substantielle Subventioune géif déi aktuell Dynamik et net erlaben, d’Zil z’erreechen.

Lëtzebuerg wier zwar nach wäit ewech vun den Ziler vum Lëtzebuerger Energie- a Klimaplang, mee europawäit awer gutt positionéiert. Dës Positioun erkläert sech virun allem duerch ee relativ jonke Fuerpark, eng héich Kafkraaft, e groussen Undeel u Firmenautoen an eng gutt Opluedinfrastruktur. D‘Elektroautoe maache ronn 11% vum gesamte Fuerpark aus. Dat ass also nach wäit ewech vun den 49%, déi den Nationalen Energie- a Klimaplang bis 2030 virgesäit. Dobäi kënnt, datt an de leschte Méint d’Zuel vun den Neiumellungen däitlech méi lues gewuess ass. De Fréderic Mey, Ekonomist bei Idea:

„C‘est le coût, mais c‘est également l’aspect d’autonomie en fait, qui parfois empêche certaines personnes de faire ce choix-là. Et alors, c’est l’aspect de recharge qui parfois est bloquant. Dans un monde idéal évidemment, tout le monde aurait accès à une borne personnelle, privée, chez soi, pour pouvoir facilement recharger son véhicule. Mais par contre, pour certaines familles, c’est plus compliqué, et donc, s‘il faut en plus se déplacer tous les soirs et mettre sa voiture à charger à une borne publique, en plus du coût et de l‘aspect pratique, ça devient évidemment un frein supplémentaire.“„

D‘Etude weist, datt d‘Ziler an der Elektromobilitéit net kënnen erreecht ginn, wa just op substantiell Subventioune gesat gëtt. Et missten nach aner Mëttel agesat ginn, fir d‘Entwécklung méi däitlech virun ze dreiwen.

„Un autre élément aussi, ça c’est aussi vraiment le coeur de notre étude, c‘est de mettre en avant l‘avantage économique qu‘un ménage peut bénéficier en choisissant un véhicule électrique, plutôt qu’un véhicule thermique. Une idée serait de mettre en place un outil informatique qui permettrait à chaque famille de rentrer des paramètres spécifiques liés à son ménage et sa manière de recharger éventuellement un véhicule électrique, son kilométrage annuel. Un ensemble de paramètres qui permettrait de donner un autre regard sur l’électrique par rapport au thermique.“

D‘Etude weist iwwerdeems, datt elektresch Auto‘en an der Majoritéit vun de Fäll, op 6 Joer gekuckt, méi bëlleg sinn, wéi d‘Verbrenner. Ouni staatlech Primmen dréint sech d’Bild awer bal komplett ëm: Dann ass den Elektroauto an de meeschte Fäll méi deier. Am Schnëtt méi wéi 4.000 Euro. d‘Fluktuatioune vun den Energiepräisser hunn der Etude no, nëmme wéineg Afloss. De gréisste ënnerscheed mécht de Leasing: Bei 14 vu 15 Modeller ass en elektresche Leasing méi avantagéis wéi bei engem Verbrenner.

„Le deuxième élément est au niveau des coûts d’abattement, pour voir en fait, quels sont les coûts par rapport aux tonnes de CO2 évitées. Là on se rencontre en fait que le coût est relativement important. Donc cette approche des coûts d’abattements est pour le moment très peu, voire pas du tout utilisée au niveau des politiques environnementales au Luxembourg.“

D’Etüd ënnersträicht iwwerdeems, datt Elektromobilitéit just en Deel zum néidegen Ëmbroch an der Mobilitéit géing bäidroen. Lëtzebuerg géing nach ëmmer virun anere grousse Problemer stoen, dorënner de grenziwwerschreidenden Trafic vu Frontalieren, d‘Loftqualitéit an d‘Landesplanung.

Dobäi wier awer d’Netz vun Elektrobornen am Verglach mam Ausland gutt ausgebaut. Mat ronn 3.000 ëffentlechen Luedstatiounen am Land hätt ee praktesch all Kilometer eng Borne.

Back to Top
CIM LOGO