ZeienopruffIllegal Graffitien zu Biwer

David Winter
An der Nuecht vun de Samschdeg op e Sonndeg gouf zu Biwer op eng Sportshal gesprayt.

D'Police vu Gréiwemaacher mécht en Zeienopruff wéinst illegalem Sprayen vu Graffitien. Fonnt goufen dës "Konschtwierker" net wäit vun der Sportshal zu Biwer.

Persounen, déi eventuell Informatiounen zu den Täter hunn oder eppes vun der Dot gesinn hunn, sollen sech bei der Police vu Gréiwemaacher mellen, dat um 4997-7500 oder per Mail: police.museldall@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO