Luxembourg for FinanceImpakt vu Sanktiounen dierft sech op eiser Finanzplaz a Grenzen halen

Pit Everling
Tim Morizet
Europa reagéiert op d'Eskalatioun vun der Ukrain-Kris virun allem mat finanzielle Sanktiounen. An dës Strofe solle Moskau wéi dinn.
Hunn d'EU-Sanktiounen en Impakt op eis Finanzplaz?
Den Impakt op Lëtzebuerg dierft sech awer a Grenzen halen, mengt den Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance.

Allerdéngs dierften d’Konsequenzen och op den europäesche Marchéen ze spiere sinn. Den Impakt op Lëtzebuerg dierft sech awer a Grenzen halen, mengt den Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance.

Impakt Ukrain-Kris Finanzplaz Lëtzebuerg/vum Pit Everling

Et kéint een nach net genee soen, wéi d’Konsequenze vun de Sanktiounen an der Praxis wierken, sou den Nicolas Mackel. Lëtzebuerg misst sech un dat halen, wat d’EU decidéiert. Wann also déi viséiert russesch Staatsbierger Suen op der Lëtzebuerger Finanzplaz hunn, komme se net méi drun. Allgemeng dierft den Impakt op de Finanzstanduert Lëtzebuerg awer net all ze grouss sinn, esou den Nicolas Mackel:

“Well ech net mengen, datt ganz vill Leit vun deenen, déi sanktionéiert ginn zu Lëtzebuerg wierklech vill Suen haten. Wann da representéiert dat e ganz klengen Deel vun den Aktivitéiten, och bei den Entreprisen, déi sanktionéiert gi sinn. De globalen ekonomeschen Impakt vun der geopolitescher Situatioun wäert méi eng grouss Roll spillen.”

Russland géing nämlech geopolitesch Tensioune schafen an dat hätt Konsequenzen: “Dass d’Bourssen erof ginn, dat gesitt der weltwäit. Dat zweet ass, datt d‘Energiepräisser erop ginn, well de Marché dovunner ausgeet, datt mer manner u russesche Gas a Pëtrol kommen.”

D’Sanktioune vun 2014 wiere méi cibléiert gewiescht. Bei der aktueller Situatioun hätt een et och mat enger ganz anerer Gréisstenuerdnung ze dinn, sou nach den Nicolas Mackel.

Back to Top
CIM LOGO