StaatsbegriefnesImpressioune vum Cortège vum Palais bis bei d'Kathedral

RTL Lëtzebuerg
Vum Palais aus goung de Cortège mat der Groussherzoglecher Famill an hiren Éieregäscht bis an d'Kathedral.
© Domingos Oliveira

Ënnert anerem ware Vertrieder vun de Kinnekshaiser aus Spuenien, Dänemark, Schweden, der Belsch an Norwegen op Lëtzebuerg komm, fir dem Grand-Duc Jean déi lescht Éier ze erweisen. Och fréier Staatscheffen hunn um Begriefnes deelgeholl. Aus Frankräich war den Nicolas Sarkozy do an aus Däitschland de Joachim Gauck.

Back to Top
CIM LOGO