Si all hunn zesumme mat der groussherzoglecher Famill dem verstuerwene Grand-Duc Jean déi lescht Éier erwisen.
An der Kathedral an der Stad war iwwer d’Mëttesstonn e Staatsbegriefnes. 1.400 Leit waren an der Kathedral derbäi, Dausende Leit an de Stroossen an e puer Honnert op der Place d’Armes, wou d’Trauerzeremonie op engem groussen Ecran iwwerdroe gouf.
Weider Fotoe vum Roland Miny fannt dir um Internetsite pressphoto.rtl.lu.