
D’Kommuniste fuerderen, datt den “Index-Klau”, d’Verréckele vun der Indextranche vun August op den nächsten Abrëll, réckgängeg gemaach gëtt an d’Kafkraaft vun de Leit gestäerkt gëtt. Dat soll ënnert anerem iwwert eng Virschoss-Indextranche vun 1,5% geschéien, sou wéi eng direkt Upassung vun der Steiertabell un d’Präisdeierecht. Donieft soll d’Hausse vun den administrativen Tariffer agefruer an d’Accisen an d’TVA op Energiepräisser radikal gesenkt ginn.
Op d’Fro, ob déi Mesuren net awer d’Inflatioun géinge verschlëmmeren, huet de President vun der KPL, den Ali Ruckert, geäntwert, dat wier eng “Ligen” vun de Patronen. D’Chambre des salariés hätt bewisen, datt den Index praktesch keen Effet op d’Präisdeierecht hätt. Den Index ass e Mechanismus, fir de Verloscht u Kafkraaft nodréiglech ze kompenséieren, huet den Ali Ruckert rappelléiert.
Fir d’Ongläichheete bei de Salairen ze reduzéieren, soll een och net iwwert den Index fueren, well dat keen Instrument wier, fir Sozialpolitik ze maachen. Fir géint d’Ongläichheeten ze goen, misst een de Mindestloun an d’Luucht setzen. Dem Ali Ruckert no géing dat, genee ewéi den Index, de Betriber net schueden: “Dat zielen eis d’Patronen zanter 50 Joer”. Wann dat wierklech esou wier, da solle se hir Bicher op den Dësch leeën. Hien huet sech doriwwer opgereegt, datt gläichzäiteg, wou den Index manipuléiert gëtt, eng Lëtzebuerger Bank e puer honnert Milliounen Euro Profitter matgedeelt an iwwer 100 Milliounen Euro un hir Aktionäre verdeelt huet. “Et ass eng Ëmverdeelung vun de schaffende Leit fir d’Grousskapital”, sou de KPL-President.
D’Kommunistesch Partei huet dowéinst och decidéiert sech dem OGBL fir de Protestmarsch vum 1. Mee unzeschléissen. Den Ali Ruckert hofft, datt déi Campagne eng “mächteg Well” géint den Index-Klau an de Sozialofbau gëtt.
RTL News: Den onofhängege Gewerkschaftsbond rechtfäerdegt sech eng weider Kéier