Lutte géint d'PandemieInfektionsketten novollzéien iwwer Tracing-Apps?

Pierre Weimerskirch
D'Wëssenschaft recommandéiert der Politik, datt een elo weiderhi vill Tester mécht an och "Contact Tracing".
Infektionsketten novollzéien iwwer Tracing-Apps?
D'Wëssenschaft recommandéiert der Politik, datt een elo weiderhi vill Tester mécht an och "Contact Tracing".

Dat fir d'Infektiounsketten z'ënnerbriechen an esou den Ausbroch weiderhin ënner Kontroll ze halen.

De Virus ass nach net verschwonnen, dat sot de Rudi Balling vu Research Luxembourg dës Woch. Fir trotz Lockerungen d'Infektioun ënner Kontroll ze halen, misst ee weider vill Testen a sougenannte Contact Tracing maachen, also novollzéien, mat wien déi infizéiert Persoun an enkem Kontakt war. Bei den Tester sinn an de leschte Wochen extrem Fortschrëtter erziilt ginn. Schnelltester solle souwuel fir d'Testen op de Virus, wéi och op eng Immunitéit op de Marché kommen.

Fir Tracing ze maachen, gëtt et zwou Méiglechkeeten: Dat eent ass per Interview fir erauszefannen, mat wiem eng positiv geteste Persoun am Kontakt war. Dat ass personalobwänneg, de Robert Koch-Institut an Däitschland huet dofir Dausende Leit als Containment Scout rekrutéiert. Et ass am Prinzip déi Method, déi och zu Lëtzebuerg an der éischter Phas gemaach gouf.

Vill an der Diskussioun sinn elo technesch Hëllefsmëttel, well dës méi séier a méi präzis kënne sinn a well di meescht Leit en Handy hunn, gëtt rieds vun Tracing-Apps, déi a verschiddene Länner an den Asaz solle kommen.

D'Iddi ass et, iwwer Bluetooth erauszefannen, wéi eng Handyen souzesoen am enke Kontakt waren. D'Europäesch Kommissioun huet och elo Richtlinnen erausginn, wéi eng Krittäre mussen erfëllt sinn, fir datt d'Perséinlechkeetsrechter an den Dateschutz garantéiert sinn. Eng eenheetlech europäesch App ass den Ament net virgesinn.

D'Lëtzebuerger Regierung ass den Ament och zréckhalend a fuerdert ee gemeinsaamt Virgoe vun der Europäescher Unioun. Apple a Google hunn sech esouguer zesummegedoen, fir hei no technesche Léisungen ze sichen.

Déi asiatesch Staaten an Hongkong weisen, datt vill Testen a Kombinatioun mat Tracing, wéi och ëmmer een dat och elo mécht, fonctionéiert, fir e bëssen Normalitéit nees méiglech ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO