Mesuren am Kader vun der Energiekris"Interessant Gespréicher" mat de Gas-Fournisseuren um Krautmaart

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Gas-Fournisseuren Enovos, Sudenergie an Electris waren e Freideg de Moien an d'Spezialkommissioun Tripartite um Krautmaart invitéiert.

D’Fournisseuren hunn déi Deputéiert do driwwer informéiert, wéi de Lëtzebuerger Gasmarché fonctionéiert a wéi eng Akafsstrategie een iwwer déi nächste Méint wäert fueren. Dobäi wier et och drëms gaange sécherzestellen, dass kee Profit um Bockel vun de Bierger geschloe gëtt.

De Gilles Baum (DP)

“Wat wichteg ass, dat ass, dass si och elo net vun der Situatioun hei wëlle profitéiere fir hir Beneficer artificiell an d’Luucht ze dreiwen, mee si sinn sech hirer Verantwortung bewosst. Mir hunn als Staat 350 Milliounen an de Grapp geholl, fir déi Präisdeckelung bis den 31. Dezember 2023 ze garantéieren. Dat heescht mir kënne soen, dass quasi d’Hallschent vun der Gasrechnung vun de Stéit vum Staat iwwerholl ginn”, esou de President vun der Tripartiteskommissioun an DP-Deputéierte Gilles Baum.

Et wäre ganz interessant Gespréicher gewiescht, sou den CSV-Co-Fraktiounspresident Gilles Roth, deen och begréisst, dass de Präisdeckel vum Staat elo net zu Profitter féiert.

De Gilles Roth (CSV)

“D’Politik huet d’Recht ze wëssen, dass déi Akafspolitik déi si an de nächste Méint wäerte verfollegen, dass déi och fair an transparent ass, fir dass de Präisdeckel och net zu engem Benefice féiert, wou se kee Risiko hunn an den en fin de compte de Steierzueler - de Montant, dee geschat ass, dee läit jo bei 350 Milliounen Euro - dréit.”

Et wéisst een elo ongeféier, wat dëse Wanter op eis géing duerkommen, mä et kéint een net viraussoen, wat bis de Wanter 2023/24 alles geschitt.

“Et ass och do wou sech am meeschte Gedanke gemaach gëtt zu dësem Moment. Natierlech sinn do eng Rei Facteuren, déi wichteg sinn. Gëtt et e schlëmme Wanter dëst Joer? Da riskéiere mer dass am Summer d’Gas-Späicheren eidel sinn an da wäert de Präis nees an d’Luucht goen. Oder gëtt méi ee mëlle Wanter? Dann hunn mer nach Reserve vun dësem Joer, déi mer nächste Wanter kënne verbrauchen an da riskéiert d’Situatioun net sou dramatesch ze ginn, wéi vläicht aner Leit se fäerten,” erkläert den LSAP-Deputéierten Dan Kersch.

Den Dan Kersch vun der LSAP

Well d’Präisser volatil sinn a vu ville verschiddene Facteuren ofhänken, dorënner déi international Marchéen an de Krich an der Ukrain, hätt een e Freideg de Moie festgehalen, fir sech an Zukunft méi reegelméisseg mat de Fournisseuren ze gesinn an dann nach eemol an e puer Méint de Bilan ze zéien, sou de President vun der Spezialkommissioun Tripartite Gilles Baum.

Gaspräis
D’Lëtzebuerger Gas-Fournisseuren Enovos, Sudenergie an Electris waren e Freideg de Moien an d’Spezialkommissioun Tripartite um Krautmaart invitéiert.

Den Ament gëtt et an Europa Gas am Iwwerfloss. An awer wäerten d’Präisser laangfristeg iwwer deem vun der Regierung fixéierte Präisdeckel bleiwen.

Déi lescht Wochen hunn d’Gascompteuren hei zu Lëtzebuerg méi lues gedréit. Dat ass drop zeréck ze féieren, datt d’Wirtschaft d’Produktioun zeréckgefuer huet. Déi héich Temperaturen am Oktober hunn ouni Zweiwel och derzou bäigedroen, datt d’Privatstéit manner Gas verbraucht hunn. D’Stonn vun der Wourecht schléit eréischt elo. Wou d’Temperaturen zeréckginn.

Op der Bourse maache sech d’Efforten aus de leschte Méint bemierkbar. Wirtschaft a Leit, déi spueren. D’Gasspäicher, déi zu 95,35% an Europa gefëllt sinn. Zu Amsterdam ass de Gaspräis vun 350 Euro de Megawattstonn, op den Ament ëm déi 100 Euro gefall.

Niddreg Präisser op der Bourse, vun deenen déi grouss Fournisseuren net profitéieren. Well se laangfristeg akafen.
Stand Haut läit de Präis nach eng 80% iwwert dem Präisdeckel, deen d’Regierung fixéiert huet.

Eng laangfristeg Entspanung ass net a Siicht.

Den Ament stinn d’Schëffer mat LNG virun den europäesche Küsten, well Europa Iwwerfloss huet. Am Fréijoer 2023 riskéiert d’Situatioun eng ganz aner ze sinn.

Stand haut läit de Präis laangfristeg fir de Meter/Cube, Bourse an Nëtznotzungskäschten zesummen, ëm déi 1 Euro 40. Wat bedeite géif, datt de Staat iwwer de Präisdeckel weider 45 bis 55 Cent de Meter/Cube dropleeë géif.

Back to Top
CIM LOGO