VerfassungsreformInternational Kommissioun mat Remarken a Präzisiounen

Pit Everling
Am 2. Semester 2020 kéint de Referendum iwwer déi nei Lëtzebuerger Verfassung ofgehale ginn, mengt den Alex Bodry, President vun der Chamberkommissioun.

En Vue vun der Verfassungsreform wollt een och de Bléck vu baussen. An deem Sënn war nach am Hierscht en Avis vun der sougenannter Venedeg-Kommissioun gefrot ginn. Dat ass en Organ vum Europarot, wat d'Staate verfassungsrechtlech beréit.

D'Experten hunn de Lëtzebuerger Text ënner d'Lupp geholl an en Avis geschriwwen, en Avis deen e Freideg eng éischte Kéier an der parlamentarescher Institutiounekommissioun beschwat gouf.

Wat um Dësch läit wier konform zu den internationale Reegelen, seet d'Commission de Venise. Ma op eenzele Punkte kéint awer nogebessert ginn an dat gëtt och gemaach, seet de President vun der zoustänneger Kommissioun, den LSAP-Deputéierten Alex Bodry:

"'t gëtt näischt a Fro gestallt, wat am Text ass, fundamental. Den Equiliber vum Text dee bleift deeselwechten, d'Grondausriichtung bleift déiselwecht, mä am Detail kënnt et zu e puer Clarificatiounen, déi duerchaus nëtzlech sinn."

Den Alex Bodry

Vun engem hëllefräichen Avis schwätzt den Alex Bodry, och wann een net mat alle Remarken honnertprozenteg d'accord kéint sinn, well dem Lëtzebuerger Kontext net ëmmer Rechnung gedroe gëtt.

Am Hierscht soll déi grouss Campagne ronderëm den Text starten, mam Zil, déi nei Verfassung no baussen ze erklären.

E geneeën Datum fir de Referendum ass nach net eraus, den Alex Bodry schwätzt vum "zweete Semester vum nächste Joer".

Back to Top
CIM LOGO