Wéinst CyberattackInternetsite vun der Stad Lëtzebuerg war e Méindegowend net erreechbar

RTL Lëtzebuerg
Den Internetsite vun der Stad Lëtzebuerg gouf Affer vun enger Cyberattack a gouf dowéinst desaktivéiert.
© AFP

Dat huet d’Stater Gemeng e Méindeg am fréien Owend op Twitter matgedeelt. D’Servicer vun der Gemeng géifen dru schaffen, d’Situatioun esou séier ewéi méiglech ze behiewen.

En Dënschdeg de Moie géint 6 Auer war de Site nees wéi gewinnt ze erreechen.

Back to Top
CIM LOGO