Invité vun der Redaktioun (11. Dezember)Isabel Wiseler: "Méi a méi bëlleg verlounen"

RTL Lëtzebuerg
Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war d'Stater Sozialschäffen Isabel Wiseler.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Isabel Wiseler
Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war d'Stater Sozialschäffen Isabel Wiseler.

D'Stad wiisst séier an doduercher entsteet, ënnert anerem, de Problem vun den héije Wunnengspräisser. Déi nei Stater Sozialschäffin Isabel Wiseler vun der CSV wëll dowéinst méi an och méi bëlleg verlounen, wéi si um Méindeg de Mueren am RTL-Interview erkläert huet. Esou kéint och d'Foyeren entlaascht ginn.

Fir de Problemer bei der iwwerfëllter Fixerstuff op der Gare entgéintzewierken, sollen do méi laang Ouvertureszäiten agefouert ginn.

Enn anere Sujet, deen der CSV-Politikerin um Häerz läit ass d'Integratioun. Sou solle Flüchtlingskanner éischter an de normale Schoulen ënnerkommen, an och déi eeler Leit mat Migratiounshannergrond solle besser integréiert ginn an dofir verstäerkt iwwert déi verschidden Aktivitéite fir Senioren an der Stad informéiert ginn.

Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war d'Stater Sozialschäffen Isabel Wiseler.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO