De Gros ware Rettungsasätz vun Ambulanzen, respektiv Samuen. Feier maachen nëmme ronn 2.000 Asätz aus. Bis Juni hat de "Corps Grand-Ducal d'incendie et secours" all 9 Minutten eng Interventioun.
Zanter genee engem Joer gëtt et de CGDIS elo. En ass jo aus der Fusioun vu Protection civile a Pompjeeën entstanen. Duerch dëst Zesummeleeë vun de Corpsen hätt een eng besser Couverture vum Land erreecht, eng besser Disponibilitéit u Leit an eng Standardiséierung ënnert anerem vu Material a Formatioun. A Saache Logistik an Informatik, respektiv Kommunikatioun, muss awer nach nogebessert ginn.
Déi ganz Corpse solle connectéiert ginn an dofir gëtt eng zentral Plattform geschaf. An et ginn nach weider Erausfuerderungen, esou de Paul Schroeder, de Generaldirekter vum CGDIS. Et bréicht ee Konventioune mat de Gemengen fir d'Gebailechkeeten an d'Logistik, déi een nach misst an deem Kontext upassen.
D'Fusioun vu Protex a Pompjeeën ass awer e laange Prozess, deen nach ëmmer am gaange wier an et bleift nach Verschiddenes ze maachen, zum Beispill bei der interner Connectivitéit, erkläert de Paul Schroeder: "Mir wëllen all d’lokal Zentre mat der Zentral verbannen, fir déi néideg Informatik bis op den Terrain ze kréien an am Sënn vun der simplification admninistrtaive."
De Corps-Geescht bei de ronn 6.700 Leit am CGDIS wier gutt. Et géifen der och méi bäikommen, wéi fortgoen. Een Haaptpilier bleift natierlech de Benevolat, déi 90% vum ganze Personal ausmaachen, mä et gëtt awer och weider rekrutéiert, well mat der Populatioun géifen och d'Asätz klammen.
D'Reform schéngt op alle Fall hier Friichten ze droen. Direkt um zweeten Dag vu senger Existenz huet de CGDIS seng Effikassitéit kënne weisen, dat bei engem Groussbrand zu Esch. En detailléierte Bilan vun der Reform vun de Rettungsdéngschter gëtt den Ament ausgeschafft a soll am Hierscht an der Chamber presentéiert ginn. D'Reform, sou gouf de Méindeg de Moien ënnerstrach, wier e Succès.