
Wéi d’Affer aus dem Tram, deen a Richtung Gare ënnerwee war, erausgeklomme war, gouf si vun hannen attackéiert. Si gouf mam Hals geholl a mat Féiss gerannt. De jonken Ugräifer, wéi d’Police präziséiert, ass dono fortgelaf. D’Affer huet du festgestallt, datt eng gëlle Kette vum Hals gerappt gouf.
Persounen, déi d’Dot observéiert hunn oder Indicen zum Ugräifer kënne maachen, solle sech bei der Police vu Capellen/Stengefort mellen, dat iwwer Telefon um (+352) 244 30 1000 oder per E-Mail op police.capellensteinfort@police.etat.lu.