Coronavirus zu LëtzebuergIwwert de Weekend: 195 Positiver bei 4.949 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 195 Neiinfektioune registréiert goufen.
© RTL

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

An de leschten Deeg ass keen um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat ëmmer nach bei 835.

Bannent de leschten 72 Stonne goufe 4.949 Tester gemaach, dovunner waren der 195 positiv. Dräi nei Fäll bei 284 Tester goufen e Sonndeg gemellt. De Freideg waren et 91 Neiinfektiounen, de Samschdeg 101.

Den Ament si 25 Persounen hospitaliséiert, dovunner aacht Patienten op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 1.116 aktiv Infektiounen, 76.570 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze gouf bis ewell 788.453 Impfunge genotzt,  419.777 Leit gëllen als komplett vaccinéiert.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO