PoliceIwwert de Weekend gouf et eng Partie Abréch

RTL Lëtzebuerg
Zu Gaasperech, Péiteng an zu Koler waren Onéierlecher ënnerwee.
© Police

Iwwert de Weekend krut d’Police eng Partie Abréch uechter d’Land gemellt. Op Neijoerschdag ass zu Gaasperech an ee Keller vun engem Méifamilljenhaus agebrach ginn. Dobäi goufe vun engem oder méi Täter am Ganzen néng Kellerdieren opgebrach an divers Géigestänn geklaut. D’Police technique war op der Plaz an huet Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

Géint 21.25 Auer e Samschdeg den Owend gouf e weideren Abroch zu Péiteng gemellt. Hei gouf sech Zougang zu enger Wunneng iwwert d’Aganksdier verschaaft. Eng Rei Objete goufe geklaut.

Zwee Abréch gouf et dann nach op Neijoerschdag zu Koler. An engem Fall hate sech éischten Erkenntnisser no zwee Täter Zougang zu engem Haus verschaaft andeem se eng Fënster zerstéiert hunn. Virdru war der Police schonn een Abroch am Duerf gemellt ginn. Hei haten d’Täter eng Fënster opgebrach an dunn d’Schief no Wäertsaachen duerchsicht. A béide Fäll gouf eng Plainte gemaach. D’Police technique war op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO