
Hie wier um ausseruerdentlechen Nationalkongress zu Walfer e Samschdeg den Owend ouni Géigekandidatur mat 89 Prozent vun de Stëmme gewielt ginn, deelt d’Jugendpartei de Sonndeg de Moie mat.
De Lou Linster ass Buergermeeschter vun der Majorzgemeng Leideleng. Un der Spëtzt vun der JDL léist hien de Michael Agostini of, dee 5 Joer laang President war. A senger Untrëttsried hätt den neie JDL-President eng Reform vum Staatsrot gefuerdert, well dëse Gesetzesprojeten iwwer laang Zäit blockéiere géing.
An den Ae vum ale President Agostini iwwerdeems wiere sech mat der CSV an der Regierung keng Progrèse bei “wichtege gesellschaftspoliteschen Themen” z’erwaarden, genannt gëtt hei d’Leihmutterschaft, de Cannabis an d’Prostitutioun.