Nom Reportage op Tëlee-LëtzebuergJean Asselborn: „Kënnen Dublin net ausser Kraaft setzen“

Kevin Kayser
Donieft huet den Ausseminister seng Zweiwel, datt all d'Flüchtlingen, déi duerch Dublin zeréck an Italien kommen, och hei an anstänneg Strukture kéimen.
VIDEO: Jean Asselborn: „Kënnen Dublin net ausser Kraaft setzen“
Donieft huet den Ausseminister seng Zweiwel, datt all d'Flüchtlingen, déi duerch Dublin zeréck an Italien kommen, och hei an anstänneg Strukture kéimen.

Mir kënnen Dublin net ausser Kraaft setzen, mir packen dat net, sot den Ausseminister Jean Asselborn als Reaktioun op de Reportage vun en Donneschdeg den Owend op Télé Lëtzebuerg.

Wat d’Situatioun an Italien ugeet, esou hätt hie seng Zweiwel, datt Flüchtlingen, déi no den Dublin-Reegelen an Italien transferéiert ginn, iwwerall an eng anstänneg Struktur kéimen. An deem Kontext hätt hien der EU-Kommissioun den 10. Januar e Bréif geschriwwen. An Zukunft krite Flüchtlingen, déi an Italien ausgewise ginn, och Kontaktnummere mat, ënnert anerem vun der Lëtzebuerger Ambassade, fir Hëllef bei hiren Demarchen ze kréien.

An de leschten 3 Méint hätte 655 Leit eng Asyldemande zu Lëtzebuerg gemaach. 52 Prozent wären Dublin-Fäll. De Centre de Logopédie an d’Shuk wäre komplett voll mat Leit.

VIDEO-Reportage: Wat geschitt mat Flüchtlingen, déi hei ausgewise ginn?De kompletten Interview mam Jean Asselborn:

VIDEO: De Jean Asselborn am Interview mam Maryse Lanners
De Lëtzebuerger Ausseminister reagéiert op d'Reportage, déi e Mëttwoch den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg diffuséiert gouf. - Laang Versioun vum Interview.

Back to Top
CIM LOGO