
De Kardinol Jean-Claude Hollerich gëtt Member am Conseil vun de Kardineel. De Poopst François huet dee Gremium nei zesummegestallt.
D’Lëtzebuerger Kathoulesch Kierch felicitéiert sech an engem Communiqué zur Nominatioun vum Lëtzebuerger Äerzbëschof, deen 2019 Kardinol gouf.
De Conseil vun de Kardineel ass ee Beroder-Gremium vum Poopst, mat ënner anerem der Missioun, d’Gouvernance vun der Réimesch-Kathoulescher Kierch ze reforméieren.
Dës Entitéit existéiert zënter 2013 an huet 9 Memberen.