Invité vun der Redaktioun (9. Februar) - Jean-Claude Muller"Eis ass och dru geleeën, fir gesond a gutt Uebst ze produzéieren"

Annick Goerens
E Méindeg de Moie war de Lëtzebuerger Apel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Jean-Claude Muller
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

“Mir ware schockéiert iwwer déi Aussoen, déi do komm sinn, dass mir quasi eis Kanner géinge vergëften mat deenen Äppel, déi mir produzéieren”. Dat sot de President vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin zu de Reprochë vum Mouvement Ecologique, déi sech op eng nei Etüd vum PAN (Pesticide Action Network Europe) beruffen, bei där erauskoum ass, dass 85 Prozent vun den Äppel an Europa mat op d’mannst 5 Pestizid-Réckstänn belaascht sinn. De Jean-Claude Muller schwätzt carrement vun Diffamatioun vun engem ganze Beruffsstand, deen awer eng éierlech a sachlech gutt Aarbecht géing maachen. De MouvEco hätt och Äppel mat Biere vermëscht, wéi e geschriwwen hätt, dass d’Äppel d’Limitt fir Kanner-Narung géingen iwwerschreiden. Déi Grenzwäerter géinge gëlle fir verschafften Kanner-Narung, awer net fir een Apel. “Den Apel huet esou vill gesondheetlech Virdeeler, dass et scho bal, jo wéi soll ech soen, ganz schlecht wier, fir guer keng Äppel méi ze iessen.”

Firwat hunn d’Äppel dann esou vill Réckstänn?

Fir d’éischt misst ee mol präziséieren, dass déi Réckstänn alleguer wäit ënnert engem erlaabten Héchstwäert géinge leien, wou se kritesch wieren. D’Analyse géingen haut einfach ganz wäit goen. De Jean-Claude Muller gëtt e Beispill: wann een haut e Stéck Zocker géing an de Stauséi geheien, kéint ee bei Analyse wuel erausfannen, dass Zocker am Waasser ass, mee dat géing net heeschen, dass d’Waasser gekippt oder de Séi iwwerzéckert wier. Sou wier et och mat de Réckstänn, déi een am Apel géing fannen. Déi Wäerter wäre ganz minimal.

Laangzäit-Effekter vun Pestiziden ginn och gekuckt

De MouvEco huet och kritiséiert, dass weder déi europäesch nach d’Lëtzebuerger Liewensmëttelverwaltung ALVA géingen op de Chemie-Cocktail kucken. Gekuckt ginn eenzel Substanzen an hir Wäerter, allerdéngs misst een och d’Laangzäit-Effekter kucke vun enger Combinaison vun Pestiziden. Dat wier wéineg erfuerscht, sou d’Kritik. Dat wollt de President vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin allerdéngs net esou stoe loossen. D’EFSA (European Food Safety Authority) déi sech ëm d’Zouloossung vun Sprëtzmëttelen këmmert, hätt dat wuel um Schierm an géing och kucken wou d’Risike sinn.

Mir probéieren och haut schonn op aner Weeër ze goen

Et ass e bëssen duergestallt ginn, wéi wa mir all zwee Deeg géifen do mat iergendengem Gëft-Cocktail duerch de Bongert fueren. An dat ass falsch,” sou den Invité. Ganz allgemeng misst een awer och bedenken, dass et ouni Pestiziden net geet. Mir hätten e gewëssene Foodprint an et misst eng gewëss Quantitéit geliwwert ginn. Net all Mënsch kéint Äppel a sengem eegene Gaart ziichten. Wann een à grande échelle géing schaffen, da wier den Asaz vu verschiddene Planzeschutzmëttelen onëmgänglech. “Ob dat elo gutt oder falsch ass, dat sief dohi gestallt”, sou den Invité.

Et géing een awer och haut scho probéieren op aner Weeër ze goen. Zum Beispill géing ee mat “Verwirrung” schaffen [also dass d’Männercher an d’Weibercher bei de Schädlingen sech net fannen an dann keng Eeër ofleeën] oder bei der integréierter Produktioun zum Beispill net sprëtzen, wa genuch Himmelsdéiercher do sinn, déi d’Läis fort friessen.
Et géing een och sou vill wéi méiglech Produite substituéieren. Dofir hätt een eng Berodung hei am Land geschaaft, wou auslännesch Instituter d’Lëtzebuerger Bauere berode kënnen, fir manner Pestiziden anzesetzen, erkläert de President vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Claude Müller

En Dënschdeg de Moien um 8 Auer sëtze sech dann d’Presidentin vum MouvEco Blanche Weber an de Bauer an CSV-Deputéierte Jeff Boonen um Radio an engem Face-à-face géintiwwer. Do geet et dann och ëm déi generell Pestizid-Belaaschtung an eise Liewensmëttel.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO