Voll Gebaier, wéineg LeerstandTrotz Homeoffice: Héich Demande no Bürosflächen

Tim Morizet
No enger Phas vun Onsécherheet direkt no der Covid-Pandemie schéngt nees Dynamik an Marché ronderëm Bürosflächen zu Lëtzebuerg ze kommen.
Trotz Homeoffice: Héich Demande no Bürosflächen
No enger Phas vun Onsécherheet direkt no der Covid-Pandemie schéngt nees Dynamik an Marché ronderëm Bürosflächen zu Lëtzebuerg ze kommen.

Zuelen aus dem Secteur weisen eng däitlech Erhuelung, souwuel wat nei Bauprojeten ugeet, mee och bei der Demande vun Entreprisen. Dobäi huet sech awer net nëmmen d’Quantitéit, mee och d’Qualitéit an d’Notzung vun de Büroe verännert.

Vun der Kris zeréck an d’Normalitéit

No de Pandemie-Joren huet de Marché e grousst Lach erlieft. Hybrid-schaffen, ekonomesch a politesch Onsécherheeten a konservativ Investitiounen hunn dozou gefouert, datt d’Volontéit vun Entreprisen, fir nei Flächen ze lounen oder ze kafen, agebrach ass. E puer Joer méi spéit awer ass d’Situatioun eng ganz aner.

“Do war eng laang Zäit, wou d’Leit sech gefrot hunn, wou et géif higoen. Et ass vill Homeoffice gemaach ginn an d’Fro war: Ass de Besoin u Büroen nach do? Elo iwwert déi zwee lescht Jore hu mer gesinn, datt dat erëm ugezunn ass. Mir sinn elo, fir 2025, erëm an enger Normalitéit ukomm”, erkläert de Jean-Paul Scheuren vun der Chambre Immobilière.

D’Zuele ginn him Recht: No schwaache Jore mat ronn 120.000 Meterkaree un neie Büro-Espacen d’Joer ginn aktuell nees 180.000 Meterkaree gebaut, verlount oder verkaf.

Finanzsecteur bleift Motor

Déi gréisst Demande kënnt weiderhi mat aus dem Finanz- an Assurancësecteur, esou de Jean-Paul Scheuren. “D’europäesch Kommissioun huet d’lescht Joer eng ganz grouss Operatioun gemaach an de Lëtzebuerger Staat ass och ganz täteg. Mir kenne jo och Gebaier ewéi d’Arcelor. Dat heescht, do sinn awer och eng Partie Industrieller, déi sech placéieren.”

Kleng a mëttelgrouss Betriber sinn zwar och um Marché present, mee sichen éischter méi kleng Flächen an entscheede sech dacks fir d’Locatioun. Coworking-Léisungen a Shared Offices gewannen zwar u Bedeitung, mee par Rapport zum Ausland, maachen awer nach ëmmer just e klenge Prozentsaz vum Gesamtmarché aus.

De Büro verännert sech

D’Fläch, op där geschafft gëtt, huet sech iwwert déi lescht Jore mat Hybrid-Schaffen an Homeoffice staark verännert. D’Zuel u Meterkaree pro Salarié ass, par Rapport zum Ausland, just liicht zeréckgaangen.
Haut kënnt een haaptsächlech op de Büro, fir sech auszetauschen, fir sech ze forméieren, fir sech ze treffen. D’Aarbecht kann dacks och vun enzwousch anescht gemaach ginn. Elo huet de Grand-Duché eng Politik, déi den Télétravail fir Frontaliere relativ limitéiert. Dat kann een net negligéieren. Mee mir konstatéieren, datt d’Fläche fir Reuniounen ëmmer méi Iwwerhand huele par rapport zu Bürosplazen”, erkläert de Michaël Taelman. De Büro gëtt ëmmer méi zu engem sozialen a kollaborative Raum.

Haaptstad bleift Hotspot – mee Alternative ginn ëmmer méi populär

Geographesch bleift d’Stad Lëtzebuerg déi Destinatioun, déi am meeschte gefrot ass. Tëscht 75 an 80 Prozent vun de Büro-Aktivitéite konzentréiere sech nach ëmmer op d’Haaptstad an hir direkt Peripherie. Quartiere wéi d’Cloche d’Or oder de Kierchbierg entwéckele sech séier virun. Parallel dozou gewënnt de Belval u Bedeitung, besonnesch duerch eng besser Mobilitéits-Infrastruktur an enger Offer u Commercen a Gastronomie. D’Loyeren hunn an de leschte Joren ugezunn, besonnesch an de Premium-Zonen, mee bleiwen tendenziell am Rhythmus vun der Inflatioun.

Wéineg Leerstand, grouss Besoinen

Wat de Marché bei de Bürosflächen zu Lëtzebuerg, am internationale Verglach, ausmécht ass, datt kaum Leerstand besteet.

“Ob déi lescht 20 Joer gekuckt, huet sech den Total u Meterkareeën u Büroen zu Lëtzebuerg verduebelt. Mir leien elo bei ongeféier 5 Millioune Meterkaree. Mee mir leien den Ament just bei 4 Prozent Leerstand. Dat ass extreem wéineg”, esou de Michaël Taelman.

An de Premium-Zonen ewéi der Cloche d’Or an dem Kierchbierg läit dëse souguer ënner 2 Prozent. Fir d’Beroder am Secteur bedeit dat eng grouss Erausfuerderung: D’Demande ass dacks méi héich wéi d’Offer. Nei Gebaier fannen dofir meeschtens séier en neie Exploitant.

Dofir ass et den Opruff vun de concernéierten Acteuren un d’Politik, dréngend Motivatioun ze schafen, fir Bau-Terrainen fräizeginn, an d’Mobilitéit ronderëm potentiell Aktivitéitszone ze verbesseren.

Back to Top
CIM LOGO