
E Samschdeg den Owend ass de Beamte géint 19 Auer zu Leideleng en accidentéiert Gefier opgefall. Bei der Kontroll sollt sech erausstellen, datt de Chauffer ze vill gedronk hat. Den Auto huet mussen ofgeschleeft ginn, de Permis ass agezu ginn.
An der Nuecht op e Samschdeg war géint 2.30 Auer op der Rouder Bréck an der Stad een Automobilist opgefall, deen ze séier ënnerwee war. Hien hat ze déif an d’Glas gekuckt a seng Pabeiere waren och net an der Rei. Den Auto ass ofgeschleeft ginn an e provisorescht Fuerverbuet ass ausgestallt ginn.
Tëscht Wëntger a Lenzweiler war géint 4 Auer e Gefier a Schlaangelinnen ënnerwee, zum Deel op der falscher Stroossesäit. Och bei dësem Automobilist war den Alkoholtest positiv an de Fürerschäin fort. Ëm déi selwecht Zäit war um Friddhaff e Chauffer ugetraff ginn, deen änlech geféierlech ënnerwee war. Nämmlecht Resultat: ze vill gedronk, Auto immobiliséiert, Permis agezunn.
Géint 23 Auer ass enger Patrull an der Stroossbuerger Strooss an der Stad eng Persoun opgefall, déi Passante belästegt huet. Se wollt sech enger Kontroll entzéien, konnt awer wéineg méi spéit gefaasst ginn. No enger Visitt beim Dokter goung et fir eng Nuecht an der Zell op de Policebüro.
Um Sonndegmoien ass d’Police an der Rue Fort Neipperg op der Stater Gare op dräi Männer opmierksam ginn, déi sech virun engem Lokal mam Sécherheetspersonal gestridden hunn. Si wollten net goen a sech och net berouegen. Well se alleguer ze vill gedronk haten, si se fir d’éischt fir eng Kontroll bei den Dokter komm an dunn an de Passagearrest.
Méi wéi 20 Mol ass d’Police dann iwwert de Weekend, queesch duerch d’Land, geruff gi well Leit sech gestéiert gefillt hunn. An de meeschte Fäll hat d’Situatioun sech scho berouegt, wéi d’Beamten op d’Plaz komm sinn. An eenzele Fäll konnt de Problem kuerz duerno geléist ginn.