
D’Startnummer 13 sollt der Amerikanerin Lindsey Vonn kee Gléck bréngen. Nodeems si sech kuerz virun den Olympesche Spiller un de Kräizbänner am Knéi blesséiert hat, wollt si trotzdeem an Italien un den Depart goen a 16 Joer no hirer olympescher Victoire zu Vancouver nach emol no Gold gräifen.
Am éischte kritesche Passage vun der Descente ass d’US-Amerikanerin awer gefall an huet sech, wéi et schéngt, schwéier blesséiert. Nodeems d’Vonn wärend ronn enger Véierelstonn op der Plaz huet musse versuergt a stabiliséiert ginn, konnt si mat engem Helikopter an e Spidol geflu ginn.

Am Zilberäich war et duerno komplett roueg ginn. Iwwert d’Mikroe vun de Kamerae konnt een héieren, wéi d’Lindsey Vonn nieft der Pist vu Péng gejaut a gejéimert huet. Mat där Blessur wäert d’illuster Karriär vun der sougenannter “Speed Queen” warscheinlech eriwwer sinn.
D’Course ass no der Ënnerbriechung erëm opgeholl a vun der US-Amerikanerin Breezy Johnson gewonne ginn. Déi Däitsch Emma Aicher ass mat véier Honnertstelsekonne Réckstand op Plaz 2 gefuer, Bronze geet un d’Italienerin Sofia Goggia.