Houser ContournementDen Tunnel ass quasi fäerdeg, beim Rescht geet et richteg lass

Marc Hoscheid
Mëtt 2028 soll deen Deel vun der Strooss, deen direkt laanscht Housen féiert, fir den Trafic opgoen.
Den Houser Contournement
Den Tunnel ass quasi fäerdeg, beim Rescht geet et richteg lass

Am Joer 1972 gouf am Houser Gemengerot schonn iwwert eng Ëmgeeungsstrooss fir d’Uertschaft geschwat. Méi wéi 50 Joer dono, 2023, hunn d’Aarbechten dunn endlech ugefaangen. Virun allem um Tunnel am Norde vum Duerf erkennt ee gutt, datt sech eppes deet. Ma dëst Joer sollen op der ganzer Längt vum Contournement wichteg Bauwierker Form unhuelen. Bis een éischten Deel vun der Strooss opgeet, soll et guer net méi sou laang daueren, ma bis se ganz fäerdeg ass, brauch een nach bëssi Gedold.

Ëm déi 17.000 Gefierer fueren aktuell pro Dag iwwert d’N7 duerch Housen. Well d’Strooss net fir sou vill Trafic ausgeluecht ass, gëtt scho laang ee Contournement gefuerdert. An deen hëlt elo och Form un. Virop den Tunnel an der nërdlecher Entrée vum Duerf. 450.000 Meterkibb Buedem goufen hei ausgebaggert an elo, wou d’Tübe vum Tunnel fäerdeg sinn, ginn 250.000 Meterkibb vun deem Buedem rëm drop gekippt. Am Fachjargon schwätzt een dowéinst vun enger Tranchée couverte. Iwwert déi lescht zwee an en halleft Joer huet den Tunnel no an no Form ugeholl, wéi den Direkter vu Ponts et chaussées, Roland Fox, erkläert.

“Den Entrepreneur muss jo och ekonomesch schaffen. Dat heescht, en huet hei Coffrage gemaach, déi eng Längt vu ronn 12 Meter haten, wou en dann am Wochentakt coffréiert huet, de Ferraillage ass en place gesat a betonéiert ginn. Wann de Bëton dann haart ass, gëtt decoffréiert an de Coffrage ka weidergezu ginn. An dat ass eben a sou vill Schrëtt iwwert déi ganz Längt gemaach ginn, wou de leschte Bëtonage da lo d’lescht Joer am Oktober war.”

Et rechent ee mat bis zu 25.000 Gefierer den Dag

Am Moment gëtt den Tunnel u sengem südleche Schluss nach waasserdicht gemaach, éier och hei de Buedem nees drop kënnt. Enn des Joers sollen d’Soumissioune fir déi technesch Installatiounen ausgeschriwwe ginn. Well den Tunnel “just” 325 Meter laang ass, muss keng Ventilatioun installéiert ginn. Sécherheet gëtt iwwerdeems grouss geschriwwen, ëmmerhi gëtt sech genuch Trafic erwaart.

“Eis Schätzunge si bei ronn 20.000-25.000 Gefierer am Dag, dofir ass en dann och dimensionéiert a mir hunn effektiv an all Faartrichtung zwou Spueren, mee mir fueren awer mat enger Vitess vu 70 Kilometer doduerch an net mat 90 Kilometer wéi et op der fräier Streck ass.”

Iwwert 2,5 Kilometer féiert de Contournenemt vum Rond-point bei der Tankstell bis bei d’Kräizung, wou et op Rouderssen geet. A vun dësem Joer u sollen nieft dem Tunnel och déi aner Deelstécker Form unhuelen.

2,5 Kilometer Chantier am Stéck

“Momentan sinn all d’Lousen entweder ausgeschriwwen oder se sinn am Bau. Mir ginn dovunner aus, datt mer am Fréijoer oder Summer op aacht Chantieren, op aacht Louse, wäerten hei iwwerall schaffen. Dat heescht mir hunn aacht Sitten, wou da kontinuéierlech op quasi 2,5 Kilometer ee Chantier ass. Deen Deel, wou wierklech laanscht Housen gefuer gëtt, do probéiere mer, datt d’Strooss am Summer 2028 kann opgoen an dann d’Aarbechten an Housen selwer ausgeschriwwe kënne ginn.”

Konkret geschafft gëtt elo schonn un enger Bréck iwwert ee Fiichtgebitt an der Géigend vun der Cité an der Méilchen. An och tëscht der Boukelsser Strooss an Happerfeld entsteet eng Bréck. Spéider wäert d’Boukelsser Strooss ënnert dëser Bréck erduerchgoen a vis-à-vis vum Büro vun der Verkéierspolice erauskommen. Doduerch soll den Duerfkär zousätzlech entlaascht ginn.

D’Stéck bis op d’Duerschter Haischen geet vläicht réischt 2031 op

Wann e ganz fäerdeg ass, wäert de Contournement nach knapp zwee Kilometer méi laang sinn a bis op d’Duerschter Haischen reechen. Hei gesäit den Zäitplang esou aus:“D’Soumissiounen, déi sinn och schonn deelweis am lafen. Sou datt mer dovunner ausginn, datt mer a Richtung Duerschter Haischen 2030, 2031 och wäerte fäerdeg sinn. Wëssend, datt dono natierlech d’Securisatioun vun der N7 a Richtung Norden, Richtung Maarnech wäert weidergoen.”

Tëscht Housen an dem Duerschter Haischen gëtt eng Wëldbréck gebaut an d’Kräizung, wou et op Duerscht an Näidsen geet, gëtt duerch een Echangeur ersat. Am Ufank war nach geplangt, datt déi ganz Strooss 2029 opgoe sollt, dono gouf 2030 als Datum genannt a lo neierdéngs och 2031. Ma fir déi meescht Awunner vun Housen dierft souwisou deen éischten Deel vum Contournement dee wichtegste sinn. E wäert d’Uertschaft nämlech vum Duerchgangstrafic befreien an doduerch d’Viraussetzung fir de Réckbau vun der Haaptstrooss an d’Erneierung vum Kanal schafen.

Wat de Käschtepunkt ugeet, waren am Finanzéierungsgesetz initial knapp 155 Milliounen Euro fir den Houser Contournement virgesinn, mëttlerweil gouf dee Montant awer op ronn 200 Milliounen Euro no uewe gesat.

Um Fridhaff fänkt d’Sécurisatioun vun der N7 un

De Contournement vun Housen ass am Fong een Deel vun der Securisatioun vun der ganzer N7. Bal op der ganzer Längt tëscht dem Fridhaff a Wäiswampech soll d’Strooss duerch eng Leitplank an der Mëtt méi sécher ginn. Am Fong hätten déi Aarbechte schonn d’lescht Joer sollen ufänken, mee dat war awer net de Fall. Ma zanter ronn enger Woch deet sech op der Héicht vum Fridhaff awer eppes nieft der Strooss an déi Aarbechten stinn an direktem Zesummenhang mat der Securisatioun.

“Dat wat ee lo gesäit, dat ass den Défrichement, wou mer d’Gréngs laanscht d’Strooss schonn dierfen ewech maachen. Notamment well mer schonn am Virfeld Kompensatiounsmesure gemaach hunn, et sinn Nësskäschterter gemaach ginn, mir hunn eppes fir d’Haselmaus gemaach, sou datt mer eiser Autorisatioun, déi mer kritt hunn, gerecht ginn.”

Sécurisatioun vun der N7
De Roland Fox zu den Aarbechten

Back to Top
CIM LOGO