An ÉisträichLëtzebuerger Schifuerer vu Pist gedrängt ginn a mat Bus kollidéiert

RTL Lëtzebuerg
An Tirol ass e 16 Joer ale Schifuerer aus Lëtzebuerg bei engem Accident blesséiert ginn, nodeems Onbekannter hie vun der Pist gedréckt haten. D'Ermëttlunge lafen.
An Tirol ass et zum Tëschefall komm
An Tirol ass et zum Tëschefall komm
© MICHAEL NGUYEN/NurPhoto via AFP

E 16 Joer ale Lëtzebuerger ass e Samschdeg kuerz viru Mëtteg am Schigebitt Söll vun anere Schifuerer um Enn vun der Pist wech gedréckt ginn, huet doduerch en Zonk duerchbrach, ass vun der Pist ofkomm an dunn op engem Parking niewendru mat engem Bus kollidéiert, deen do geparkt war.

Der Police Tirol no hätt hie sech dobäi Blessure vun onbekanntem Grad zougezunn an um Bus wier Schued entstanen, deen nach ermëttelt misst ginn. De jonke Schifuerer ass op der Plaz versuergt an duerno an e not Spidol gefouert ginn. Déi bedeelegt Schifuerer géifen am Kader vu weideren Ermëttlungen nach gesicht ginn.

Back to Top
CIM LOGO