
Dacks liest een an de Medie vun Affären, déi viru Geriicht verhandelt ginn. Dobäi kommen engem déi verschiddenst Begrëffer ënnert d’Aen. Mol muss ee Beschëllegte sech wéinst engem Delikt veräntwerten, Mol wéinst engem Verbriechen. Meeschtens liest een, dass eng Affär virum Bezierksgeriicht verhandelt gëtt, nëmme fir da bei verschiddene Affären e puer Wochen drop ze liesen, dass dës elo bei der Cour d’apell oder der Cour de cassation läit. Ma wat ass eigentlech en Delikt, wat e Verbriechen a wéini ass wéi ee Geriicht eigentlech zoustänneg? Hei e kuerzen Iwwerbléck iwwer d’Lëtzebuerger Geriichtsbarkeet:
Wann ee verstoe wëll, wéi ee Geriicht, wéini zoustänneg ass, hëlleft et virop e Verständnis vun de verschiddenen Zorte vu Gesetzesverstéiss ze hunn, déi engem kënne reprochéiert ginn. Am Lëtzebuerger Droit gëtt tëschent Contraventiounen. Deliten a Crimmen ënnerscheet:
D’Friddensgeriichter
Déi nidderegst Instanz vun der Lëtzebuerger Geriichtsbarkeet sinn d’Friddensgeriichter. Zu Lëtzebuerg ginn et dräi dëser Geriichter: Eent zu Esch-Uelzecht. eent an der Stad an eent zu Dikrech. Si besti jeeweils aus engem Friddensgeriicht (Tribunal de paix), engem Policegeriicht (Tribunal de police) an engem Aarbechtsgeriicht (Tribunal de travail)
D’Friddensgeriicht ass an der Haaptsaach zoustänneg fir Sträitfäll an zivillen an a kommerziellen Ugeleeënheeten, bei deenen de Sträitwäert bei manner ewéi 15.000 Euro läit. Wann e Locataire zum Beispill Scholde beim Loyer huet oder e Client d’Rechnung vun engem Handwierker net bezilt, gëtt dat an der Reegel virum Friddensgeriicht gekläert.
Virun engem Policegeriicht muss ee sech veräntwerten, wann een eng Contravention virgeworf kritt, also e Verstouss, dee mat enger Geldstrof vu maximal 250 Euro bestrooft gëtt.
Virum Aarbechtsgeriicht gi Sträitfäll tëscht Patronen an Employéë verhandelt. Zum Beispill wa béid Säite sech net eens ginn, wat e Patron opgrond vum aktuellen Aarbechtsvertrag vu sengem Employé dierf verlaangen.
Wann eng vu béide Säite mam Urteel, dat virum Friddens- oder dem Policegeriicht geschwat gouf, net averstanen ass, kann dës bannent 40 Deeg a Beruffung goen. An deem Fall gëtt d’Affär un déi nächst méi héich Instanz vun der Geriichtsbarkeet verwisen.
Déi nächst Instanz vun der Lëtzebuerger Geriichtsbarkeet sinn d’Bezierksgeriichter. Dës sinn an der Stad respektiv zu Dikrech. Si si fir jeeweils ee vun de béiden Arrondissements judiciaires zoustänneg. Si bestinn aus de Chambres civiles, de Chambres commerciales, de Chambres pénales an dem Tribunal de la jeunesse et des tutelles (Ëmgangssproochlech och Jugendgeriicht genannt).
D’Chambres civiles a commerciales sinn zoustänneg fir zivil a kommerziell Sträitfäll, bei deenen et ëm eng Valeur vun iwwer 15.000 Euro geet. Ausserdeem ginn hei déi Affäre verhandelt, zu deenen et en Urteel vun engem Friddensgeriicht gouf, géint dat eng Beruffung ageluecht ginn ass.
Virun enger Chambre pénale muss ee sech da veräntwerten, wann ee en Delikt oder e Verbrieche reprochéiert kritt. Am Fall vun enger Verurteelung muss een hei also mat enger Geldstrof vun op d’mannst 251 Euro oder enger Prisongsstrof rechnen. Dës ka bis zu liewenslänglech sinn.
D’Jugendgeriichter sinn zoustänneg fir de Schutz vu Mannerjäreger respektiv Persounen, déi ënner Tutelle stinn.
D’Fro, déi sech elo nach stellt, ass déi, wéi decidéiert gëtt, wou am Land eng Affär verhandelt gëtt. Hei ass d’Äntwert relativ einfach: An ziville Sträitfäll ass de Wunnuert vun der Persoun, géint déi eng Plainte gemaach gouf, entscheedend. Bei Verstéiss géint d’Strofrecht ass entscheedend, wou et zur Dot komm ass.
Wann eng Beruffung géint en Urteel, dat op engem Bezierksgeriicht geschwat gouf, ageluecht gëtt, ass dat eng Saach fir d’Cour supérieure de Justice, also den ieweschte Lëtzebuerger Geriichtshaff. Dësen ass iwwerdeems och fir Beruffungen zoustänneg, déi géint Urteeler vun Aarbechtsgeriichter ageluecht ginn.
D’Cour supérieure de Justice ass an der Stad. Si besteet aus dem Beruffungsgeriicht, der Cour d’appell an dem Cassatiounsgeriicht, der Cour de cassation.
Am Fall vun enger Beruffung iwwerpréift d’Cour d’Appel, ob d’Tatsaachen um Geriicht vun der méi niddereger Instanz richteg festgestallt goufen an ob konform zu de rechtleche Virschrëfte gehandelt gouf. D’Beruffungsgeriicht kann d’Urteel vun der méi niddreger Instanz confirméieren, upassen oder et annuléieren.
D’Cour de cassation ass zoustänneg, wann eng Revisioun géint e Geriichtsurteel ageluecht gëtt. Virum Cassatiounsgeriicht ginn deemno keng Tatsaache méi ënnersicht. Hei geet et eenzeg an eleng ëm d’Fro, ob gülteg Gesetzer richteg applizéiert goufen. Et ass also d’Aufgab vun der Cour de cassation sécherzestellen, dass d’Gesetzer fir jidderee gläichermoossen applizéiert ginn.