D'Diskussioun iwwert eng aner Aarbechtszäitorganisatioun ass lancéiert an am Hierscht ass eng grouss Debatt iwwert de Sujet an der Chamber geplangt. Wéi steet d’Patronat zu enger Reorganisatioun an neie Forme fir ze schaffen? A wéi wäit sollen och Salariéë kënne vun der Digitaliséierung profitéieren?
Ënnert anerem dat, hu mer den Administrateur Delegué vun der UEL, der Union des Entreprises Luxembourgeoises, gefrot. De Jean-Jacques Rommes war onsen Invité vun der Redaktioun en Dënschden de Moien.
Mir sinn net géint méi flexibel Aarbechtszäiten, respektiv souguer Verkierzungen, wann dës bannent de Betriber an net vum Staat, vun uewen erof also, decidéiert ginn. De Sozialdialog bannent den Entreprisë géif nämlech gutt funktionéieren. Dat sot den Administrateur délégué vun der UEL, der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen, am RTL-Interview.
D'Fuerderung vun enger allgemenger Aarbechtszäitverkierzung wier populistesch an och éischter drop zeréck ze féieren, datt geschwë Wahle sinn, sou der Invité vun der Redaktioun.
Mir géifen nun emol an engem System liewen, an deem d'Produktivitéit wichteg ass. Fir de Jean-Jaques Rommes ass et elo och nach ze fréi, fir vu Produktivitéitsgewënner ze schwätzen, déi duerch d'Digitaliséierung géife kommen. An dowéinst géif et och nach kee Sënn maachen, dowéinst Aarbechtszäitverkierzungen ze froen.
Invité vun der Redaktioun en Dënschde géint 10 op 8 war den Administrateur Delegué vun der UEL, de Jean-Jacques Rommes.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.