E grousse Moment fir Polit-Junkien, ma ënnert dem Stréch awer e Kommunikatiounselement vun der Regierung, dat an den 1970er mam Gaston Thorn agefouert gouf, ma an eiser Zäit net méi richteg funktionéiert, esou huet de Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort Jean-Lou Siweck den Exercice vun der Declaratioun zur Lag vum Land en Donneschden de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun kommentéiert. D'Ried wier sécher och fir de Premier keen dankbaren Exercice. Een dee mat enger Persoun also dem Staatsminister verbonnen ass, deen awer extrem vill Kompromësser vum Premier fuerdert well all Ministère, all Politikfeld ernimmt muss ginn. Dobäi wieren déi wierklech grouss Annoncen déi lescht Joren ëmmer schonn am Virfeld an der Press public gemaach ginn.
D'Tounpann an hir Konsequenzen huet de Jean-Lou Siweck als zimlech cocasse Situatioun beschriwwen. Panne kéinte virkommen. Wann esou eng Pann bei enger Ried géif geschéien, an där et ëm grouss Start-Uppen an nei Technologie geschwat gëtt, wär dat zimlech penibel.
Frappant fënnt de Chefredakter vun der gréisster Dageszeitung d'Ausso vum Chamberpresident, d'Bierger sollten d'Ried "ongefiltert" suivéiere kënnen. Dat géif weisen, wéi déi Responsabel d'Roll vun der Press gesinn. Dobäi misste se dach wëssen, datt nëmme wéineg Leit en Etat de la Nation Dënschdes Nomëttes, respektiv Mëttwochs Moies effektiv live an integral suivéieren.
D'Ried vum Xavier Bettel e Mëttwoch beschreift de Jean-Lou Siweck als conciliant, als Wahlkampfried. Dem Staatsminister wier et drëm gaangen, och Versteesdemech fir der Regierung hir Politik vun de Leit ze froen.
Invité vun der Redaktioun en Donneschden ëm 10 op 8 war de Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort Jean-Lou Siweck.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.