Zanter dem 6. Februar ass de Jean-Marie Jans Buergermeeschter vun der Gemeng Beetebuerg – dat als Successeur vum Laurent Zeimet, deen aus dem Gemengerot demissionéiert huet, fir sech ganz op seng Aufgab als Chef vun der CSV-Fraktioun an der Chamber ze konzentréieren.
Mam neie Gemengepapp schwätze mer doriwwer, wéi hien de Wiessel vum Schäffen- op de Buergermeeschterposten erlieft huet, wéi eng Erausfuerderungen op Beetebuerg duerkommen – notamment am Beräich Mobilitéit – a wou de Sträit tëscht der Gemeng an enger Kosmetik-Entreprise mat Sëtz an der Industriezone Wolser drun ass. Den Invité vun der Redaktioun héiert Dir direkt no den Noriichte vun 8 Auer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.