Neie Schäfferot zu SchierenJean-Paul Zeimes réckelt als Buergermeeschter fir den Eric Thill no

RTL Lëtzebuerg
De Jean-Paul Zeimes gouf eestëmmeg op de Poste vum Buergermeeschter vu Schieren designéiert. Hie réckelt fir den neie Kulturminister Eric Thill no.
© Gemeng Schieren

Wéi d’Gemeng Schieren en Donneschdeg matdeelt, réckelt den Zweetgewielten an der Gemeng Schieren fir den neie Kulturminister Eric Thill als Buergermeeschter no.

De Kevin Duarte Fonseca gouf iwwerdeem unanime op de Poste vum 2. Schäffen designéiert. D’Susi Pfeiffer ass 1. Schäffen an der Gemeng Schieren.

Iwwerdeem huet de Gemengerot mat 7 Jo-Stëmmen an 1 Nee-Stëmm keng Komplementarwalen z’organiséieren.

Back to Top
CIM LOGO