Crassier MonnerechJeannot Fürpass: "Mir musse virukommen"

Pierre Jans
No zwee Äerdrutschen 2014 an 2018 ass Drock am Dossier "Crassier" zu Monnerech.
Jeannot Fürpass: "Mir musse viru kommen"
No zwee Äerdrutschen 2014 an 2018 ass Drock am Dossier “Crassier” zu Monnerech.

Déi zwee Hiwwelen, ënnert deene Schlaken aus der Stolindustrie a Bauschutt leien, solle versigelt ginn a mëttelfristeg soll e Solarpark dorop entstoen. Dat kléngt alles raisonnabel, mä d’Ëmsetzung ass guer net einfach. De Plang krut dofir scho ferme Retard an de Monnerecher Buergermeeschter wëll endlech Neel mat Käpp maachen.

De Gemengepapp vu Monnerech Jeannot Fürpass hätt gär, dass et viru geet. Ëmmerhin ass antëscht gewosst, firwat de Buedem 2014 an duerno nach eng Kéier manner grave 2018 gerutscht war - Grondwaasser dat klëmmt a vill Reen: “D’Konzept vun der Sanéierung war et, eng sougenannt Tiefendrainage nërdlech laanscht bis bal bei déi fréier Schoul ze leeën. Esou kann dat Waasser vun ënne sech ofgeleet ginn.”

Do géif och permanent Waasser lafen. Heescht, den Drainage erfëllt säin Zweck. Ma och vun Uewe misst ofgeséchert ginn. Do war d’Spezial-Quadripartite, also d’Bauschutt-Firma Cloos, de Proprietär Arcelor Mittal, de Staat an d’Gemeng, sech eens.

1,3 Millioune Kubikmeter Buedem sinn néideg. Ma fir d’Awunner net ze vill ze stéieren, sollen héchstens 200 Camionen den Dag do oflueden: “Dat bréngt mat sech, dass elo no engem Joer 200.000 Kubikmeter getippt sinn. Dat heescht, et feelen 1,1 Milliounen. Dofir ass et meng Suerg haut: mir musse viru kommen.”

Säi But ass elo d’Joer 2025. Da soll de Crassier versigelt sinn. Dee méi groussen Deel, fir deen d’Gemeng Monnerech responsabel ass, kritt eng Schicht aus Leem driwwer. Fir dee méi klengen ass d’Stolentreprise responsabel: “Mir halen drop, dass Arcelor Mittal hiren Dossier relativ séier era gëtt, fir déi Demande ze maachen. Do sinn d’Oploen nach méi streng, well dohi kënnt keng Schicht aus Leem fir ofzedichten, mä eng aus Bentonit.”

Also nach méi eng performant Matière.

De Monnerecher Buergermeeschter wëll och d’Escher Gemeng waakreg rëselen. D’Kiemelbach ëstlech vum Crassier läit ënner den toxeschen Ofwässer. Déi kommen awer net nëmme vum Crassier, mä och vun der Escher Industriezon “op Monkeler”. D’Gemeng Monnerech proposéiert eng Pompelstatioun ze kafen, fir d’Kiemelbach méi propper ze maachen.

Wann de Crassier bis komplett versigelt wär, kéinten op 6,5 Hektar Solaranlagen installéiert ginn. Éischt Pläng sinn an der Maach. Dann hätten d’Hiwwelen op d’mannst eng sënnvoll Funktioun: “Et ass e Schwier, dee mir elo deckelen. Mä an Zukunft muss deen ëmmer iwwerwaacht ginn. Do soll ee sech näischt virmaachen. Dat bleift e Problem.”

Ma dee “Schwier” ass ageengt: D’Escher Autobunn, de Minettkompost, d’Landstrooss tëscht Esch a Monnerech an en Naturreservat. Komponenten, déi d’Pläng, beim “Crassier” weiderzekommen, ëmmer nees ausbremsen.

Crassier zu Monnerech / Reportage Dany Rasqué

Back to Top
CIM LOGO