Ollem a BeetebuergJeeweils 2 Foussgänger ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum 112 haten um Donneschdeg de Moie scho vill ze dinn. Dräi Persoune goufe bei am Ganze 4 Accidenter op eise Stroosse blesséiert.
© Laurent Weber / RTL

Géint 7.12 Auer ass en Automobilist an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg accidentéiert. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter aus der Stad versuergt.

Zu Ollem an der Capellener Strooss gouf ëm déi selwecht Zäit eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Op der Plaz waren de Samu aus der Stad, d’Ambulanciere vu Mamer an d’Pompjeeë vu Mamer a vu Kielen.

E weidere Foussgänger gouf iwwerdeem géint 7.35 Auer an der Route de Luxembourg zu Beetebuerg ugestouss. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vun Diddeleng a Beetebuerg.

Bei enger Kollisioun op der Escher A4 tëscht Leideleng-Nord an dem Zéissenger Kräiz géint 8 Auer en Donneschdeg de Moie blouf et beim Materialschued. D’Ambulancieren aus der Stad, grad ewéi d’Pompjeeë vu Leideleng, Monnerech an der Stad waren um Asaz.

Back to Top
CIM LOGO