PostJeff Fettes ersetzt Jean-Paul Zens am Conseil

RTL Lëtzebuerg
Am Verwaltungsrot vun der Post, wou d'Hallschent vun de 16 Memberen de Staat vertrieden, gëtt et e personelle Changement.

Mam Jean-Paul Zens gëtt ee vun de Staats-Representanten am Conseil ersat - dat duerch de Jeff Fettes, deen d'Mandat vum Här Zens fäerdeg mécht.

De Jeff Fettes ass Premier Conseiller de Gouvernement am Service juridique vum Staatsministère.

President vum Verwaltungsrot vun der Post ass de Serge Allegrezza.

D'Kapital vum Post-Grupp ass integral an den Hänn vum Staat - et geet hei ëmmerhin ëm ronn 632 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO