Accident mat déidleche SuittenJonk Fra krut 6 Méint Prisong mat Sursis, Geldstrof a Fuerverbuet

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Accident mat déidleche Suitten, am Januar 2017 um Parking vum Cactus um Houwald, gouf en Donneschdeg de Moien d'Uerteel gesprach.
© AFP Archivbild

Déi jonk Fra, déi viru Geriicht stoung, krut 6 Méint Prisong mat Sursis, eng Geldstrof vu 1.500 € an e Fuerverbuet vu 24 Méint, 18 dovu mat Sursis. Donieft muss si 3 Parties-civillen zesumme 65.000 € Schuedenersatz bezuelen. Deemools wollt d'Fra am fréien Owend nom Akafen heemfueren. Si hat um Zebrasträif virun der Haaptentrée e 77 Joer ale Mann ze pake kritt, dee 5 Deeg drop am Spidol gestuerwe war.

Back to Top
CIM LOGO