Stay at home! Bleift doheem! Dat héiert een zënter Wochen iwwerall. D'Situatioun misst eigentlech jidderee verstanen hunn, ma leider ass de Message nach ëmmer net iwwerall ukomm an nawell treffe sech Leit oder halen net déi 2 Meter Ofstand.
Fir déi Leit, déi akut a Gefor sinn, well se zu de vulnerabele Persounen zielen, ass déi Ignoranz, och wa se ëmmer méi rar gëtt, natierlech apaart schlëmm.
Wéi erliewen déi sougenannt Risikopatienten déi aktuell pandemesch Situatioun, déi et jo sou nach ni gouf? Traue sech iwwerhaapt nach Diabetiker, Patiente mat Häerzproblemer, Autoimmunkränkt oder Kriibs virun d'Dier?
Heiansdo muss ee jo, besonnesch wann een a Behandlung ass. Nieft den eelere Leit sinn et geschwächte Matbierger, déi op sech selwer, ma och all déi Gesond elo besonnesch gutt oppasse mussen, datt se nëmmen net ugestach ginn. An dozou zielen och vill Jonker wéi d'Eve Peters. Am Reportage erzielt déi jonk Fra wéi si d'Pandemie erlieft.
